Am Bundesstaat Puebla ass virun 2 Wochen e grousst Lach matzen an engem Feld opgedaucht.

Et ass e puer Dose Meter déif an huet en Duerchmiesser vu ronn 100 Meter. Fir dass kengem eppes soll geschéien, gouf eng Sécherheetsofspärung opgeriicht. D'Muppe Spay a Spike hu sech allerdéngs net doru stéiere gelooss a sech nieft dem grousse Lach ausgetoobt. Dass béid Véierbeener onheemlech Gléck haten, ass an engem Video ze gesinn, deen den Ament an de sozialen Netzwierker zirkuléiert.

Secouriste goufen nämlech op d'Plaz geruff, well béid Hënn an d'Äerdlach gefall sinn. Ufangs hu si Käfeger mat Seeler erofgelooss, an der Hoffnung, d'Muppen esou eropzéien ze kënnen. Wéinst dem staarke Wand a Reen hunn d'Rettungsversich ëmmer nees missten ënnerbrach ginn. Schlussendlech huet sech ee vun de Secouriste selwer an d'Lach ofgeseelt, fir d'Hënn aus hirer mësslecher Lag ze befreien.