Ob eng Annonce schreiwen, Flyere verdeelen oder Déierenasyler informéieren: Et ginn eng Partie Saachen, déi ee maache kann, wann d'Déier net Heem kënnt.

Nodeems d’Membere vun der Vermëssten Déieren ASBL sech nach ëmmer privat fir Déieren engagéiert hunn, hu si am Mäerz 2015 d'Decisioun geholl, fir eng Associatioun an d’Liewen ze ruffen. Den 20. Mäerz 2019 hu si den offiziellen Agrement als Déiereschutzorganisatioun kritt. Hiert Haaptzil ass et, d’Leit z’ënnerstëtzen, wann hiert Déier fortgelaf ass. Si recommandéieren hinnen eng Annonce an der RTL-Déiererubrik ze maachen, d’Déierenasyler z’informéieren, Flyeren an der Noperschaft ze verdeelen an e Mail un ID Chips ze schécken. Esou gesinn d’Veterinären dës Informatioun dann och direkt, wann een d'Déier bei si an d’Praxis sollt bréngen. Vill Kaze ginn ongewollt a Gaardenhaisercher agespaart. Dowéinst ass et och wichteg, d’Noperen ze froen, fir do nozekucken. Do dernieft rode si de Leit dann och, am Fall vun enger Kaz, zum Beispill d’Kazentoilette virun d’Dier ze stellen. Hiere Geroch kënne si vu Wäitem richen. Et hëlleft och, fir se owes ze ruffen, wann et dobausse méi roueg ass. Eng Iddi ass och eng Dier oder eng Fënster e bëssen opzeloossen, wann een doheem ass. Esou hätt d’Kaz dann och d’Méiglechkeet, fir direkt eranzekommen.

Eng weider Aktivitéit vun dëser Associatioun ass, fir sech ëm déi doudeg Déieren ze këmmeren, déi dobaussen enzwousch leien. Wann d’Gemenge se net siche ginn, da bekëmmere si sech drëms. An deem Kontext géingen d’Membere vun der ASBL sech wënschen, datt d’Gemenge sech all en Apparat géingen zouleeën, fir d’Chippen auszeliesen. Esou kéinten d’Proprietären dann informéiert ginn, wat mat hirem Déier geschitt ass. Da bräichte si net méi no ëm ze sichen oder op et ze waarden. Zemools mécht dat Sënn, well zënter dem neien Déiereschutzgesetz vun 2018 d’Kaze musse gechipt sinn.

Dann hëlt d’ASBL och krank an accidentéiert Kaze bei sech op, fir se ze fleegen, wéi d’Baghira, dat de 6. Abrëll 2018 zu Buerschent beim Schlass fonnt ginn ass oder d’Hope de 27. Oktober 2020 zu Esch. Fir déi, déi kee Besëtzer hunn, gëtt dann duerno en neit Doheem gesicht, wa se dann och kastréiert a gechipt sinn. Am Allgemengen huelen d’Membere vum Comité just Kazen an d’Fleeg. Si haten awer och scho Villercher oder Hënn. Vill Kaze kënne si net zu gläicher Zäit ophuelen. Dat läit dorunner, datt dës Associatioun nach kleng ass a well si net déi néideg finanziell Moyenen hunn. Deemno wéi schlëmm d’Blessure vun de Kaze sinn, bleiwe si fir ëmmer an dëse Fleegefamillen.

Vill Leit ginn dovunner aus, datt d’ASBL Vermëssten Déiere just eng Säit op Facebook ass. Doduerch kréie si dann och net esou vill Donen, op déi si awer ugewise sinn. Kazen, déi vun engem Auto ugestouss gi sinn, mussen dacks operéiert ginn. An dat gëtt deier. D’Adoptiounsfraisen, déi si froen, decken dës Käschten net.