Iwwer ee Mount hat d'Déier nom schlëmmen Äerdbiewen vun 2008 ënner dem Schutt vu sengem Stall iwwerlieft. Elo ass d'Schwäin gestuerwen.

D'Noriicht vum Doud vum "Zhu Jianqiang" huet sech en Donneschdeg ënner anerem an de sozialen Netzwierker séier verbreet. De Béier (männlecht Schwäin) ass dem Musée no, an deem sengem Besëtz hie fir d'Lescht war, mat 14 Joer un "Altersschwächt an Erschëpfung" gestuerwen. A Mënschejore gerechent wär hien 100 Joer al gewiescht, sot säin Ziichter.

Beim Äerdbiewen vun der Stäerkt 7,9 an der südwestchineesescher Provënz Sichuan waren 2008 bal 90.000 Mënschen ëm d'Liewen. Wéi duerch e Wonner hat den "Zhu Jianqiang" iwwerlieft, wouduerch hier berüümt ginn ass. E Musée an der Géigend vun der Stad Chengdu hat d'"Helden-Schwäin" fir ëmgerechent 375 Euro kaaft, fir et den Touristen als Attraktioun virzeféieren.

No den Torturen, déi de Béier bis zu senger Rettung ënnert dem Gerëmpels vu sengem Stall huet mussen erdroen, soll hien Aenzeien no éischter wéi eng Geess ausgesinn hunn. Wéi et schéngt huet d'Déier vun Holzkuel a Reewaasser gelieft.

2011 hu chineesesch Fuerscher matgedeelt, dass si mam genetesche Material vum "Zhu Jianqiang" sechs Fierkel gekloont hätten. De Leeder vum Klon-Projet, Du Yatao, sot deemools, "dat wonnerbaart Schwäin huet eis all op en Neits iwwerrascht".