Nom Oktopus Paul wärend der WM 2010 oder der Elefantendamm Nelly bei der EM 2016, ass et dëst Joer de Léiw Boy.

De wäisse Léiw aus engem Zoo an Nordthailand trëfft de Pronostic, andeems hien e Stéck Fleesch auswielt, dat ënnert de Fändele vum jeeweilegen EM-Participant hänkt.

An der Virronn louch de Boy 2 Mol richteg, nëmme beim 0:0 tëscht Spuenien a Schweden louch hie falsch, do hat de Léiw op Spuenien gesat.

Et ass net fir d'éischt, dass de Boy seng hellseeëresch Fäegkeeten ënner Beweis stellt. De Léiw hat scho bei der Premier League virausgesot, wéi d'Matcher ausginn oder besser gesot, e wollt, well sou ganz richteg hätt hien do net geleeën, wéi et aus dem Zoo heescht. Eréischt elo schéngt dem Boy säin Talent richteg ze gräifen.

Beim Spill England géint Schottland hat et am Ufank no engem Remis ausgesinn, well béid Fleeschstécker op de Buedem gefall sinn. E Videobeweis méi spéit huet awer gewisen, dass de Léiw fir d'éischt nom Stéck vun de Schotte gegraff hat.

Wéi et schéngt, sollen an de nächste Partie Frankräich géint Ungarn gewannen an Däitschland géint Portugal. E Sonndeg wäert dann dem Boy no Italien verléieren.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...