Op wat soll een oppassen, fir datt et engem Igel am Gaart gutt geet a fir datt e keng schwéier Blessure kritt?

D’Kéiseker maache sech zu enger Bull, wa si sech bedrot fillen. Si lafen net fort an de Méiroboter riskéiert einfach iwwert si ze fueren. Dobäi kënnt, datt dës wëll Déieren nuets aktiv sinn an dëst ass déi Zäit, wou vill Leit hir Méimaschinn lafe loossen. Jonk an al Kéiseker si vu sou Accidenter betraff, och wann déi Jonk duerch hir Gréisst nach éischter ënnert esou eng Maschinn geroden. Déi kleng Bëbeeë sinn nach net mobil an dofir bleiwe si meeschtens verschount. Wann esou e Méiroboter iwwert en Däreldéier gefuer ass, da sinn d’Verletzunge grouss. Dat kënne Schnëttwonnen oder Amputatioune sinn, respektiv kann och d’Kapphaut erofgerappt ginn, esou d’Magali Terreri vun der Fleegestatioun fir wëll Déieren. Duerno ginn d’Wonnen duerch d’Hëtzt dacks vu Mueden oder Mécke befall. Dëst féiert dozou, datt dat wëllt Déierche schrecklech muss leiden.

Wann een e blesséierte Kéisécker bei sech am Gaart fënnt, da soll een e virsiichteg mat Händchen oder engem Duch ophiewen. Esou verhënnert een, datt ee sech un de Stachele pickt. Duerno soll een en an eng Këscht leeën a bei d’Fleegestatioun fir wëll Déieren op Diddeleng bréngen. Et besteet och d’Méiglechkeet, d’Déierchen an enger vun den Drop-off-Statiounen zu Clierf, Nidderfeelen oder Jonglënster ofzeginn.

Et gëtt ofgeroden, fir de Méiroboter nuets lafen ze loossen. Am spéiden Nomëtteg an owes sinn och net déi beschten Zäiten dofir. Et ginn och Protektioune fir déi Roboteren, fir z’evitéieren, datt d’Igele mat geméit ginn. Leider hëllefen déi net ëmmer, esou d’Magali Terreri. Am Allgemenge kënnen d’Leit esou munches maachen, fir et esou engem Däreldéier am Gaart gemittlech ze maachen. Niewent engem klengen Haische besteet och d'Méiglechkeet, fir hinnen an engem Deel vum Gaart e Liewensraum ze schafen. Do kann een ënner anerem Gestrëpps hunn, gedréchent Blieder, Steng oder Äscht. Genee dëst lackelt Insekten un a bitt hinnen och e Liewensraum. Donieft sinn dat och gutt Konditioune fir Larven a Champignonen. All dat steet och um Menü vum Kéiseker, wat dann och en zousätzleche Pluspunkt ass. Hinnen all kann een en Teller Waasser dohinner stellen. Wann et waarm ass am Summer, freeë sech net nëmmen d’Igelen doriwwer, mä och d’Villercher. D’Kéiseker sinn laktosintolerant an dofir däerfe si op kee Fall Mëllech ze drénke kréien. Duerch Mëllech kréie si schlëmmen Duerchfall a kënnen dorunner stierwen. Falls een eng Schwämm am Gaart huet, kann een, wann ee wëll, dem Igel eng kleng Leeder dohinner stellen, fir eran an erauszeklammen. Da soll e klengt Lach am Gaardenzonk sinn, fir datt dëst wëllt Déierche vun där enger Säit op déi aner ka kommen.