Vun engem Déierepark am Süde vun England plënneren 13 Elefanten a Kenia a sollen do a fräier Natur liewen.

Dëse Vol ass eng Weltpremière, huet d'Déiereschutzorganisatioun Aspinall annoncéiert. 13 Elefante ginn nächst Joer op d'Rees geschéckt. 7.000 Kilometer wäerten d'Déiere per Fliger zeréckleeën. Zesumme bréngen d'Passagéier 25 Tonnen op d'Wo.

Et hätt een Risiken an d'Virdeeler mateneen ofgewien a sech fir dëse Schratt entscheet, heescht et vum Damian Aspinall an Carrie Johnson an der Dageszeitung "The Sun".

Den Ament gëtt nach gepréift, wou d'Elefante liewe sollen, fir ze verhënneren, dass si Braconnieren zum Affer falen.