Dausende Leit hu sech a Bangladesch op de Wee gemaach, fir dat knapp 50 Zentimeter héicht Déierchen ze gesinn.

Wéi et vun hire Besëtzer heescht, wier d'Déierchen 51 Zentimeter grouss an domat 10 Zentimeter méi kleng wéi d'Manikyam, déi den Ament am Guinness-Buch vun de Rekorder den Titelverdeedeger ass.

D'Rani ass 66 Zentimeter laang a bréngt grad emol 26 Kilo op d'Wo. Déi aner Kéi um Bauerenhaff sollen duebel esou grouss sinn, behaapt de Manager vum Haff M.A. Hasan Howlader. Bannent den nächsten 3 Méint sollen elo d'Auteure vum Guinness-Buch vun de Rekorder doriwwer entscheeden, ob d'Manikyam säin Titel behale kann oder net.

Ob klengste Kou vun der Welt oder net: D'Rani huet bannent kuerzer Zäit d'Häerzer vun den Déierefrënn eruewert ass ass e richtege Mediestar ginn. Weltwäit beriichten Zeitungen a Fernseesender iwwert de klenge Véierbeener. Allerdéngs muss den Undrang um Bauerenhaff a Grenze gehale ginn, recommandéiert den zoustännege Veterinär Sajedul Islam. D'Mënsche kéinte Krankheete matbréngen, déi d'Gesondheet vum Rani a Gefor brénge kéinten. Him no wier d'Gréisst vum Déierchen d'Resultat vun Inzucht.