Net nëmmen den neie Proprietär, mä och d’Déiereschutzorganisatioun oder den Ziichter gi Verflichtungen am Sënn vum Déier an.

An deem Kontrakt stinn all d'Flichten dran, un déi sech déi 2 Parteien hale mussen. An éischter Linn muss d'Déiereschutzgesetz respektéiert ginn. D'Déier muss aartgerecht gehale ginn. Da muss den neie Proprietär zum Beispill eng Kaz, déi bei der Adoptioun manner wéi 6 Méint huet, steriliséieren oder kastréiere loossen, wa se bis al genuch ass. De Veräin sengersäits iwwerhëlt dann en Deel vun de Käschte vun dëser Operatioun, esou de Sacha André vum Schëfflenger Déiereschutzveräin. Do dernieft garantéiere si, datt si en Déier erëm bei sech ophuelen, wann d'Situatioun et erfuerdert. Am Virfeld vun der Adoptioun, also iert de Schutzkontrakt ënnerschriwwe gëtt, gi Gespréicher gefouert a Kontrolle gemaach, fir sécher ze goen, datt d'Déier seng Famill zerguttst fonnt huet. Den neie Proprietär kann de Veräin ëmmer ëm Rot froen. Wann en Déier fortgelaf ass oder verscheet ass, da soll de respektive Veräin och kontaktéiert ginn. Och do kënne si d'Leit ënnerstëtzen.

D'Rechter vum Déiereschutzveräin

No der Adoptioun huet de Veräin nach ëmmer d'Recht, en Déier besichen ze goen. En huet d'Méiglechkeet, d'Déier erëm aus der Famill ze huelen, wa bei Kontrolle festgestallt gëtt, datt sech de Proprietär net un d'Klauselen aus dem Kontrakt gehalen huet. Dëst geschitt awer just am schlëmmste Fall an et ass bis elo och just seele virkomm, erkläert de Sacha André. Sécherlech gëtt ëmmer gekuckt, wat schif gelaf ass an ob de Veräin eventuell hëllefe kann. Wann awer d'Déier gequäält ginn ass oder wann d'Wuel vum Déier a Gefor ass, gëtt et fir si keng Diskussioun. D'Famill kritt d'Déier ewechgeholl an et gëtt och eng Plainte gemaach.

De Schutzkontrakt vum Ziichter an der Déiereschutzorganisatioun

D'Schutzkontrakter vu seriéisen Ziichter a vun enger Déierschutzorganisatioun ënnerscheede sech net vill vuneneen. Jidderengem geet et ëm d'Wuel vum Déier. Och e seriéisen Ziichter hëlt en Hond zréck, wann et net mat him klappe sollt. Wann dëst net am Kontrakt steet, da kann een dovunner ausgoen, datt een dann net mat engem seriéisen Ziichter ze dinn huet. De gréissten Ënnerscheed tëscht Ziichter an Déiereschutzorganisatioun ass sécherlech de Präis. Egal wéi soll ee sech am Virfeld iwwert den Ziichter oder d'Déiereschutzorganisatioun informéieren. Wéi iwwerall ginn et och an deem Beräich schwaarz Schof. Et ginn der, déi dreeën de Leit esouguer mat Strofen, déi si bezuele mussen, wann d'Déier net bei hinne bleiwe kann. Wann eng Organisatioun net déi finanziell Moyenen huet, fir d'Flichten, déi am Kontrakt stinn, z'erfëllen, da soll een d'Fanger dovun ewechloossen. Wann een en Déier aus dem Ausland adoptéiert, muss ee sech an deem Fall och un dat Lëtzebuergescht Gesetz halen an alles muss konform sinn. Et brauch een och eng ministeriell Autorisatioun, wann een e Lëschtenhond wëll adoptéieren oder kafen. Sech am Virfeld renseignéieren, ass och hei den A an O.

Et gëtt versicht, en Abandon ze verhënneren

Jidderee ka mol a Schwieregkeete geroden, sief et duerch eng Scheedung, finanziell oder gesondheetlech Problemer. Egal wéi soll ee sech esou séier wéi méiglech mellen, esou de Sacha André weider. Et gëtt dann ëmmer versicht, eng Léisung ze fannen. Si hunn och scho mat Veterinären um finanziellen Niveau Solutioune fonnt. Si hunn awer gemierkt, datt d'Leit dacks genéiert sinn, an datt si sech eréischt ganz spéit u si adresséieren. Bei enger Expulsioun aus enger Wunneng kënnt et vir, datt d'Leit dacks keng aner Méiglechkeet hunn, wéi en Abandon vum Déier z'ënnerschreiwen. Dëst ass de Fall, wa si et net mat an déi nei Wunneng kënnen huelen. Esou eng Situatioun ass dann ëmmer erëm mat vill Leed verbonnen. Do erhofft sech de Schëfflenger Déiereschutzveräin, datt op politeschem Niveau an der Zukunft eng Léisung ka fonnt ginn.