Wéi bei all Hausdéier soll ee sech och bei engem Hamster der Responsabilitéit bewosst sinn, déi een ageet, wann ee sech esou en Déier an d’Haus hëlt.

Si liewen 2 bis 3 Joer an et muss een och no hinne kucken. Zu enger aartgerechter Haltung gehéieren de richtege Käfeg an natierlecht Fudder.

De Käfeg

De Käfeg soll wéinstens eng Gréisst vu 4.000 Quadratzentimeter hunn. Déi erreecht een zum Beispill mat enger Grondfläch vu 50 op 80 Zentimeter. Wat méi grouss, wat awer besser. Do ginn et Gitterkäfeger, déi méi bëlleg sinn an och Nagariumen. Dëst sinn Terrariume fir Nager an déi si besser gëeegent fir Hamsteren. Op de Buedem sollen op d’mannst 15 Zentimeter Hee mat Hanf kommen, esou den Dan Thill vun der ASBL Hamster.lu. Mat dëser Mëschung kënnen d'Hamstere gutt Tunnelle gruewen an esou gëtt evitéiert, datt se erëm séier zesummefalen. Aus hirer Erfarung rode si vun Holzspéin of. Falls den Hamster sech do drop géing propper maachen, entwéckelt sech Ammoniak, dee weder fir d’Déier nach fir de Mënsch gesond ass. Eng besser Alternativ ass Chinchilla-Sand. Wann een däers an een Eck vum Käfeg mécht, bleift deen dann och domadder méi propper. An de Käfeg soll och e Rad stoe kommen: fir Zwerghamstere soll den Duerchmiesser wéinstens 20 Zentimeter hunn a bei engem Goldhamster 30 Zentimeter. De Käfeg soll net direkt an der Sonn stoen an och net am Duerchzuch. D’Temperatur vum Standuert soll zimmlech konstant bleiwen. An eng Schlofkummer gehéiert en och net, well d’Hamsteren nuets aktiv sinn. Am Allgemenge si si och Eenzelgänger a si sinn an hirem Käfeg ganz territorial. Dofir gëllt dann och d’Reegel bei der ASBL: 1 Hamster pro Käfeg.

Wat a wéi vill frësst en Hamster?

D’Hamstere friessen alles an d’Quantitéit pro Dag mécht 1 bis 2 Zoppeläffelen aus. Op hirem Menü sti Kären, iwwer Grieser, Larven, Wierm an och frëscht Geméis aus der Regioun. D’frëscht Fudder kann zum Beispill Brokkoli, grouss Kornischong, Pissblumm, Kamillen oder mol e Stéck Apel sinn. Et soll een och beim Dréchefudder natierlech Produkter eraussichen, déi ebe speziell fir d’Hamstere sinn. Ob Zwerghamster, Goldhamster oder Roborowsky Zwerghamster, all Zort brauch anert Fudder. Dëst soll een am Käfeg verstreeën. Esou hunn d’Hamsteren dann och eng Beschäftegung. An net ze vergiessen ass eng Schossel oder e klengen Tellerche mat Waasser, déi net méi déif wéi 1 Zentimeter sinn.

ASBL Hamster.lu

Dës ASBL gëtt et 5 Joer, woubäi si sech awer schonn 10 Joer fir d’Nageren asetzen. Si hëllefe klengen Déiere wéi Hamsteren, Mais, Raten a Mierschwéngercher. Wann des Déiere vernoléissegt goufen, wa si aus de verschiddenste Grënn net méi bei hire Proprietäre bleiwe kënnen, hëlt des Associatioun si op, erkläert den Dan Thill weider. Wann dës Déieren dann erëm opgepäppelt sinn, gëtt versicht en neit Doheem fir si ze fannen. Deen Ament gëtt dann en Adoptiounskontrakt ofgeschloss an d’ASBL mécht weider Visitten an der neier Famill, fir nom Déierchen ze kucken. D’Leit informéieren, op fir Froen äntweren, wéi zum Beispill iwwer kleng Wonnen an och Vakanzegarde si weider Aktivitéite vun Hamster.lu. Mat enger Memberskaart, Done vu Suen oder Saachen, kann een dës ASBL ënnerstëtzen. Aktiv Hëllef ass och ëmmer wëllkomm.