Zu Réiden un der Atert ginn d'Déieren nees fit gemaach an och bei Krankheeten un de Gelenker gëtt no Léisunge gesicht.

Pet's Heaven ass eng Plaz, wou no den Déieren no Accidenter an Operatioune gekuckt gëtt. D'Physiotherapeutin Fabienne Schon këmmert sech nëmmen ëm kleng Déieren, dat sinn haaptsächlech Muppen a Kazen. "Et kann een et effektiv mat engem Mënschekiné vergläichen. D'Therapië si bal all déi selwecht, Arenken, Massagen, Elektrotherapie, Laser, therapeuteschen Ultraschall, d'Ënnerwaasserlafband oder och Akupunktur", erkläert d'Fabienne Schon.

Béi sou engem Ënnerwaasserlafband gëtt den Hond duerch d'Waasser nämlech e bësse gedroen a lues a lues kann en nees ufänken, anstänneg ze trëppelen.

"Et ass e gelenkschounende Muskelopbau, dat ass bei frësch operéierten an och eelere Muppen ideal, fir erëm Kraaft opzebauen. Dacks kënne se sech net méi selwer droen an da mussen eben d'Muskelen opgebaut ginn", sou d'Fabienne Schon.

RTL

Déi meescht Leit géingen d'Decisioun, fir bei en Déierekiné ze goen, och selwer huelen, besonnesch, wa se gesinn, datt hiert Déier net méi riicht leeft.

"D'Veterinäre schécke se meeschten heihin, wa se musse rehabilitéiert ginn. Dat ass meeschtens no Operatiounen de Fall. Zum Beispill bei engem Kräizbandrëss oder enger Réck-Operatioun."

D'Fabienne Schon huet fréier och mat Päerd a Kéi geschafft, mécht dat awer elo net méi. Well si huet sech och dozou entscheet, fir sech op d'Iesse vun den Hausdéieren ze spezialiséieren. D'Physiotherapeutin wëll just 100% natierlecht Fudder verkafen, Käre ginn et also keng.

D'Fabienne Schon huet schonn ëmmer gäre mat Deiere geschafft an huet dofir och de Studium fir Déierekiné nogeholl. Si huet aktuell och en Hond, deen enorm allergesch ass an deemools huet een och ganz schwéier eppes um Marché fonnt, wat den Hond kann iessen. Dofir huet si och laang no enger Firma misse sichen, déi sou Barf-Menüer hierstellt.

Barf ass iwwregens réit Fleesch mat réiem Geméis an et géingen aktuell och ëmmer méi Léit op de Barf ëmklammen, sou nach d'Fabienne Schon.