Déi däitsch Sportfederatioun vun de Schlittenhënn geet vun enger Vergëftung aus. D'Kadavere vun den Déiere ginn elo ënnersicht.

D'Kierper vun den Hënn sinn op Karlsruhe fir eng Enquête vun der Doudesursaach komm, esou de Spriecher vun der Police. Ermëttelt gëtt wéinst engem Verdacht op Déierequälerei. D'Kadavere vun den Déiere sinn en Dënschdeg op engem Grondstéck zu Dobel a Baden-Württemberg ausgegruewe ginn. Wéini d'Fachleit ee Resultat virleeën, ass nach net gewosst. Sollten toxikologesch Ermëttlungen néideg sinn, kéint dat e puer Wochen daueren.

Déi 26 Huskye waren am Juli an engem "gëeegenten Gefier" op Dobel gefouert ginn. Dono wieren d'Hënn an ee grousse Park komm a versuergt ginn. Iwwer Nuecht hu si an Transportboxe geschlof. Moies drop hätt d'Besëtzerin zwielef vun hiren Déieren dout fonnt. Zwee anerer wiere fir eng Behandlung an d'Déiereklinik bruecht ginn.

Concernéiert waren Hënn aus all Alter - tëschent zéng Méint an 13 Joer. D'Bluttwäerter vun den Hënn an der Déiereklinik weisen op eng "Vergëftung mat enger onbekannter Substanz" hin, heescht et vun der Veterinärfederatioun.

E Verstouss géint de Paragraf 17 aus dem däitschen Déiereschutzgesetz ka mat enger Geld- oder enger Prisongsstrof bis dräi Joer bestrooft ginn.