Seng Verfroossenheet gouf dem Mupp bal zum Verhängnes. Dësen huet Gefalen u Strëmp fonnt an direkt e puer Stéck verschlongen.

Wann eenzel Strëmp verschwannen, huet ee meeschtens d'Wäschmaschinn am Verdacht. Ma dës Kéier war allerdéngs net d'Wäschmaschinn um Wierk, mä en Hond an Nordirland mat groussem Appetit.

Seng Besëtzerin Lucy hat hien duerch Zoufall dobäi erwëscht, wéi hien eng Strëmp geklaut an duerno ofgeschléckt huet. Aus Angscht, dass hirem Déierchen eppes geschéie kéint, ass si direkt an d'Déiereklinik gefuer. An ee Gléck: Nodeems déi éischt Strëmp eraus aus dem Kierper war, huet de Mupp net opgehale mat wiergen. Ganzer 9 Strëmp koumen aus sengem Maul eraus, wéi sech de Beau iwwerginn huet. Do huet esouguer de Veterinär net schlecht gestaunt.