An enger Äisschicht am Oste vu Russland goufe schonns 2017 an 2018 d'Kierper vun zwee Höleléiwen-Welpe fonnt. Elo huet een hiren Alter erausfonnt.

En internationale Grupp vu Fuerscher huet déi zwee mumifizéiert Léiwen-Welpen ënnersicht an esou erausfonnt, dass de weibleche Bëbeeléiw ronn 28.000 Joer al ass. De männlechen Höleléiw ass iwwerdeems scho 44.000 Joer al.

Déi zwee Welpe goufe beim Semyuelyakh-Floss am Permafrost an enger Déift vu méi wéi 10 Meter entdeckt. Duerch d'Äisschicht sinn déi zwee Kierperen an engem immens gudden Zoustand. D'Welpe ware bei hirem Dout 1 bis 2 Méint al. Eng genee Doudesursaach huet een net erausfonnt.

Den däitsche Magazin "Stern" huet heizou e Video verëffentlecht.

Op der selwechter Plaz goufen och scho virdrun Höleléiwe fonnt, sou dass d'Fuerscher dovun ausginn, dass dës Plaz virun dausende Jore vun dësen Déiere bewunnt war.

D'Höleléiwe si scho viru ronn 13.000 Joren ausgestuerwen.