Virun e puer Deeg huet d'Visitt vun enger Walross-Damm, déi eigentlech an der Arktis lieft, op der Nordsee-Insel Baltrum vu sech schwätze gedoen.

Elo hunn Touristen d'Déier gesinn, wéi dëst sech am Hafe vun der Insel Spiekeroog ausgerout huet. Walrosse liewen eigentlech an der Arktis. Ee private Fotograf hat op Facebook op d'Visitt vum Déier opmierksam gemaach. E Porte-Parole vun der Insel sot, datt vill Gaffer an Touristen op der Plaz wieren.

D'Facebook-Notzer kritiséieren d'Gaffer a schreiwen, datt dem Walross misst gehollef ginn. Aschätzunge vun der "Meeressäuger-Expertin" Ursula Siebert no kéinte Walrosse relativ laang an der südlecher Nordsee iwwerliewen, wa se genuch z'iesse fanne géifen.

Walrosse friesse virun allem Muschelen, Wierm, Schleeken, Fësch a Krabben. D'Déier hätt zwar Schrummen un de Flossen, wier awer gesondheetlech net ugeschloen.

Walrosse liewen eigentlech ronderëm de Nordpol. Am Verglach mat Séihënn a "Kegelrobben", déi an der Nordsee liewen, si Walrosse méi grouss a schwéier an hu Stousszänn. D'Weibche wier wuel fir d'éischt an der Géigend vun Dänemark ënnerwee gewiescht. Dat lescht Walross an Däitschland wier 1988 op den Insele Juist a Sylt gesi ginn.