Déi vum Ausstierwe menacéiert Afen hu missen op de Virus getest ginn, well sech eng Rëtsch Mataarbechter op der Insel Borneo mam Virus infizéiert hunn.

D'Veterinären aus dem Naturschutzgebitt hu leschten Dënschdeg déi schwéier Tâche iwwerholl, d'Afen duerch en Ofstréch an der Nues ze testen. D'Tester sinn awer all negativ ausgefall.

"D'Tester si genau esou wichteg fir d'Populatioun vun den Orang-Utanen zu Borneo ewéi fir d'Mënschen", esou d'Autoritéite vum Naturschutz. Duerch eng Infektioun mam Virus kéinten d'Afe schwéier krank ginn. Doduerch kéint sech hir Auswëlderung no hanne verréckelen.

Orang-Utane stinn op der Lëscht vun den Déierenaarten, déi vum Ausstierwe bedrot sinn. Op der Insel Borneo ass d'Populatioun an deene leschte 60 Joren ëm méi ewéi d'Hallschent zeréckgaangen. Den Haaptgrond ass d'Zerstéierung vun hirem Liewensraum duerch d'Ofholze vun de Bëscher.

Och Déiere kënne sech mam Virus infizéieren. En Zoo zu Atlanta huet de Weekend matgedeelt, datt sëllege Gorillaen positiv getest gi wieren. Och Hauskazen, Hënn an op d'mannst ee Frettchen krute schonn Infektiounen nogewisen.