Op wat muss een oppasse, fir konform mam Gesetz ze sinn, a wat ass wichteg bei der Haltung?

Déi néideg Pabeiere musse confirméieren, datt e Papagei net aus der fräier Natur ass, mee aus enger Ziichtung. An deem Fall kann dann am Prinzip bal all Papageienzort gehale ginn. Déi CITES-Pabeieren hëllefe fir géint den illegalen Handel virzegoen. Dëst ass de Grond, datt zum Beispill d’Unzuel vun de Gropapageien an der Natur vill zeréckgaangen ass. Papageie vun Ziichter hunn de Virdeel, datt si scho méi un de Mënsch gewinnt sinn, esou d’Veterinärin vun der Fleegestatioun fir wëll Déiere vun Diddeleng, Dr Lena De Baets.

Wann een nach guer keng Erfarunge mat esou Déieren huet, da si Perruchen an Nymphensitticher genee richteg. Awer och des Déiere brauchen all Dag frëscht Fudder, wéi Uebst, Geméis, wëll Kraider, an och e qualitativ héichwäertegt Dréchefudder, eng UV-Luucht, vill Plaz an Opmierksamkeet. Besonnesch vill Plaz brauchen Aarte wéi Lorisen a Kakaduen. Déi sinn dann och éischter fir Leit mat méi Experienz. Et ass esou, datt dës Vulle weider Ufuerderunge kënnen hunn a si maachen och vill Kaméidi. Papageie sollen och ni eleng gehale ginn. Entweder solle se zu Zwee oder an engem Grupp sinn. Am anere Fall kënne si sech d’Plommen erausrappen oder aner Opfällegkeete entwéckelen. Et ass och net esou, datt een eenzele Papagei méi séier zoutraulech gëtt. Kee Mënsch ka ronderëm d’Auer bei engem Papagei sinn an dofir brauche si e Partner, fir datt si sech net langweilen. Wann e Papagei eleng gehale gëtt, schwätzt ee vun Déierequälerei. Fir e Papagei, deen awer laang Eenzeldéier war, gëtt et schwiereg fir en un e Partner ze gewinnen. Si kënnen dann zu Aggressiounen géintiwwer vun anere Papageien tendéieren.

Käfeg oder Volière?

Des faarweg Vigel solle kloer an enger Volière gehale ginn, déi aus Inox ass. Wann dat Material awer aus Zénk ass, riskéiere si, beim klammen, iwwert de Schniewel esou Partikelen ze schlécken. Do kann eng Vergëftung duerch Schwéiermetall, mat fatale Suitten, d’Konsequenz sinn. D'Volière soll net an der Kiche sinn, well do Kichematerial mat Teflon bei Hëtzt toxesch Gasen aussetzt. Dorunner kënnen d’Papageie stierwen. Dës Volière soll op enger Plaz stoe wou et hell ass. Direkt an der Sonn, ouni Schied, ass awer ofzeroden. Et soll een awer drun denken eng speziell UV-Luucht fir Papageien an der Volière unzebréngen. An dës Volière kann ni grouss genuch sinn. E Papagei soll all Dag d’Méiglechkeet hu fir ze fléien, sief et frei an der Wunneng, an enger Volière déi grouss genuch dofir ass oder an engem Zëmmer, dat just fir déi grouss Vigel ageriicht ginn ass. Wa si déi  Méiglechkeet net hunn, kënne se iwwergewiichteg ginn oder aner Pathologien entwéckelen.

Wéi e Fudder sollen d'Papageie kréien?

D'Fudder vun de Papageien, déi mir als Hausdéier halen, soll esou gutt wéi et geet dem Fudder vun deenen imitéiert ginn, déi an der fräier Natur liewen. Konkret heescht dat, datt si Geméis an Uebst a klenge Portioune solle kréien. Qualitativ héichwäertegt Dréchefudder, op déi respektiv Rass ugepasst, soll och um Menü stoen. Ass dat Fudder vu schlechter Qualitéit a mat engem Pilz dran, kënne Krankheete vun den Otemweeër entstoen. Wann een dësen Déieren zum Beispill nëmme Sonneblummekären ze friesse gëtt, da besteet de Risiko, datt si déck ginn a wéineg Närstoffer kréien, erkläert Dr Lena De Baets. Bei Fudder aus Pellets kënnen d’Papageie sech och net einfach nëmmen selektiv zerwéieren. 1 Mol d’Woch kann een hinnen och e Mineralfudder ginn, dat e beim Veterinär kritt.

Beschäftegung vun de Papageien

Dës grouss faarweg Vigel si ganz intelligent a sollen och genuch Beschäftegung hunn. Bei Spillsaache aus dem Buttek soll een och oppassen, datt keen Zénk drun ass. E frëschen, ongesprëtzte Strauss aus dem Gaart ass och eng flott Alternativ fir se. D’Fudder verstoppen, kleng Konschtstécker bäibréngen, wéi an d’Transportkëscht ze klammen oder aus enger Sprëtz ze drénken, sinn och Iddie fir si ze beschäftegen.

D’Papageienaarte schwätzen net all d’selwecht vill a léieren och net d’selwecht séier. D’Ziel fir se dat ze léieren, kann zu Frustratioune féieren. Et soll een se sech och net just aus dësem Grond uschafen.

Éier ee sech e Papagei uschaaft, soll ee sech gutt iwwer d'Haltung vun esou Déieren informéieren. Wann ee Froen dozou huet oder wéinst de CITES Pabeieren, da kann ee sech bei der Veterinärsinspektioun mellen entweder op info@asv.etat.lu oder op der Telefonsnummer: 247-82539.