Am Kader vun engem Fuerschungsprogramm, fir d'Zäregasemissiounen ze reduzéieren, goufe Kéi trainéiert, just nach op dofir virgesinne Plaze z'urinéieren.

D'Méiglechkeet, den Urin opzefänken, kéint d'Ëmweltbelaaschtung duerch d'Haltung vu Ranner eminent reduzéiert ginn, sou de Grupp aus neiséilänneschen an däitsche Fuerscher an engem Artikel an der neister Editioun vun der Fachzäitschrëft "Current Biology".

Deemno goufe 16 Kaalwer mat Hëllef vu Fudderbelounungen drop trainéiert, an een Toilettestall z'urinéieren. D'Resultat wier ze vergläichen mat deem, wat vun engem 3 Joer ale Kand z'erwaarde wier, sou nach d'Fuerscher.

D'Iddi d'Kéi ze trainéieren, hiren Urin opzefänken, wier u sech duerch e Witz entstanen, sou den Déiereverhalensfuerscher Lindsay Matthews. "D'Reaktioun vun de Leit ass natierlech "geckeg Wëssenschaftler", awer dat mécht duerchaus Sënn. Ma hir Iddi mécht Sënn.

RTL

Den Déiereverhalensfuerscher Lindsay Matthews / © Research Institute For Farm Animal Biology/AFP

Den Urin vu Kéi ass an zweeërlee Hisiicht problematesch: Si setzen d'Zäregas Distickstoffmonoxid, allgemeng als Laachgas bekannt, fräi an en enthält a grousse Quantitéiten Nitrat, dat sech am Buedem an an de Gewässer oflagert. "Wa mir 10 oder 20 Prozent vum Urin opfänken, kënne mir den Ausstouss vun Zäregaser an d'Nitraterosioun massiv reduzéieren", seet den Douglas Elliffe vun der Universitéit Auckland. Den opgefaangen Urin soll dono traitéiert ginn. Senger Meenung no weisen d'Fuerschungsresultater, dass den Toilettentrainng vu Kéi grondsätzlech méiglech ass. D'Erausfuerderung besteet just doran, dat Konzept z'erweideren, grouss Häerden ze trainéieren an och u Regioune wéi Neiséiland unzepassen, wou d'Béischten déi meeschten Zäit am Fräie sinn an net am Stall.

An Neiséiland verursaacht d'Landwirtschaft bal d'Hallschent vun den Zäregasemissiounen, haaptsächlech a Form vu Methan a Laachgas. Zanter Jore gëtt dowéinst intensiv probéiert no méigleche Léisungen ze fuerschen. Aner Projeten sinn d'Zuucht vun Notzdéiere mat wéineg Methanausstouss, aner Fuddermëttel oder souguer d'Impfe vun Déieren, fir dass si manner schiedlech Gaser produzéieren.

RTL

© Research Institute For Farm Animal Biology/AFP