Zu Waldshut-Tiengen a Baden-Württemberg huet en Awunner d'Police geruff, well hien e véierbeenegen, ongebiedene Gaascht bei sech doheem hat.

Dem Mann war scho méindes e komesche Geroch opgefall, owes huet hien dunn ee Fuuss entdeckt. Hie war sech dobäi net sou sécher, ob d'Déier nach géing liewen. Ma gewibbelt huet dee ganz einfach dowéinst net, well e geschlof huet.

Op Récksprooch mat engem Juegdpiechter gouf du probéiert de Fuuss aus dem Haus ze joen. Gesond war e jo, just ebe vill midd. A genee do louch da wuel och de Problem, de Fuuss wollt seng gemittlech Schlofplaz net méi einfach esou opginn. Nëmme mat vill Méi, hätt een d'Déier verdriwwe kritt.