Freestyle, Standard, mat oder ouni Meeschter, esouguer déi klengsten Hënn hunn d'Welle gemeeschtert.

Um "Hondsstrand" am kaliforneschen Del Mar hu 40 Véierbeener mat hire Besëtzer un der 16. Editioun vum "Surf-A-Thon" matgemaach. Organisateur vun deem alljärleche Surf-Concours fir Hënn ass d'Déiereschutzorganisatioun "Helen Woodward Animal Center".

Ënnert den Hënn, déi d'Waasser gären hunn, war och ee ganz butzegen "Teacup Chihuahua" mam Numm Bing Bang, dee schonn am Alter vu véier Méint mam Surfen ugefaangen huet. Viru véier Joer huet seng Besëtzerin Naomi Masiello ee Kannerpool kaf, huet dee mat Waasser gefëllt an de Bing Bang op ee "Boogie Board" gesat. Zanterhier surft den Hond reegelméisseg. Dëst Joer hätt den Chihuahua seng Saach gutt gemaach. "Hien ass nëmmen dräi Mol bannent zéng Minutten vum Briet gefall", esou d'Naomi Masiello.

Méi ewéi 300 Spectateure waren op der Plaz an hunn ënnert anerem de Bamboo ugefeiert. Ee siwe Joer alen "Double Doodle", eng Kräizung aus Goldendoodle a Labradoodle. D'Déier stoung zesumme mat sengem Meeschter um Briet an huet och nach gläichzäiteg Frisbeeën opgefaangen, déi vun engem weidere Member geworf gi sinn.

D'Konditioune fir eng Plaz op der Träppchen sinn d'Form, wéi laang d'Hënn surfen an de Spaass um Sport. Den Organisateuren no geet et net eleng ëm Perfektioun, mä och ëm Kreativitéit, ëm "sun and fun". An der Kategorie Freestyle ass no deem beschten "Hond-Mënsch-Duo" souwéi deem beschten "Ruddel-Surfen", also Hënn, déi sech zu e puer op d'Briet trauen, gesicht ginn. Donieft gouf et och ee Kostüm-Concours fir Véierbeener mat verréckte Verkleedungen.

Grousse Gewënner war een "Scottish Terrier" mam Numm Petey. Informatioune vun der Zeitung "San Diego Union-Tribune" no si ronn 14.000 Dollar wärend dem Concours zesumme komm. D'Spende ginn a medezinesch Traitementer oder der Vermëttlung vun Déiere gestach.