Wärend där traditioneller Juegdpraxis "Grindadrap", bei där eigentlech Wale gejot ginn, si bannent engem Dag honnerten Delfinen ëmkomm.

Ëmweltschützer hu sech ferm doriwwer opgereegt, datt wärend enger Juegd op de Färöer Inselen méi wéi 1.400 Delfinen ëmbruecht gi sinn. Déi autonom Regierung, déi zu Dänemark gehéiert, huet déi als "Grindadrap" bezeechent traditionell Juegdpraxis en Dënschdeg verdeedegt. D'Waljuegd wier "gutt organiséiert a komplett reguléiert". D'Jeeër hate méi wéi 1.400 Delfine bannent engem Dag an ee Fjord gedriwwen an doropshin ëmbruecht.

"D'Waljuegd op de Färöer Inselen wier ouni Zweiwel een dramateschen Ubléck fir Mënschen, déi mat der Juegd a mam Schluechten net vertraut sinn." Dat sot de Regierungsspriecher géigeniwwer der Noriichtenagence AFP.

Normalerweis géifen awer beim "Grindadrap" Grindwalen a keng Delfine gejot ginn. Datt bei dëser Juegd esou vill Delfinen ëmkomm sinn, wier éischter ongewéinlech, esou ee lokale Journalist. "Et hat eng Zäit gedauert, se all ëmzebréngen. Normalerweis geet dat relativ séier."

D'Fotoe vun deene bluddege Kadaveren um Strand hunn op den Online-Pattforme fir Opreegung gesuergt. D'Ëmweltschutzorganisatioun "Sea Sheperd" huet d'Praxis "barbaresch" genannt.