Wéi den Zoo probéiert huet, d'Nashörner beieneen ze bréngen, fir fir Nowuess ze suergen, koum et zu engem aussergewéinlechen Ongléck.

E weiblecht Nashorn ass bei engem mëssgléckte Versuch sech ze reproduzéieren an engem hollänneschen Zoo erdronk. Wéi den Zoo zu Emmen un der däitscher Grenz e Freideg matgedeelt huet, ass d'Déier mam Numm Elena duerch den Ubléck vun deem männlechen "Breitmaulnashorn" Limpopo en Donneschdeg erschreckt. Nodeems de Limpopo d'Déier verfollegt huet, wier d'Elena an ee flaache Waasserbaseng gerutscht, ëmgefall an erdronk.

D'Fleeger hätten de Limpopo nach vum Weibche wechgedriwwen. "Leider koum dës Hëllef fir d'Elena ze spéit an d'Déier war schonn erdronk", esou den Zoo an enger Erklärung. "Et wéilt een iwwersprangen an de Kapp iwwer Waasser halen, mä dat geet net." Dat huet de Veterinär vum Zoo der hollännescher Zeitung "AD" matgedeelt. "Nashörner sinn net nëmme geféierlech, si weien och bal 200 Kilo."

Den 19 Joer ale Männche war Ufank September aus engem aneren hollänneschen Déierepark, wou en am Kader vun engem Ziichtungsprogramm fir dräi Nokomme gesuergt huet, an de "Wildlands-Zoo" zu Emmen komm. D'Elena war zesumme mat senger Schwëster Zahra op der Wiss, wéi de Limpopo aus engem anere Park, duerch deen d'Déiere sech fir d'éischt beschnupperen an bekucke kënne, an hire Beräich kommen duerft. Den Zoo erkläert, datt bei sou Aféierungen dacks agegraff muss ginn. Ma et wier awer nach ni déidlech ausgaangen.

De südleche "Breitmaulnashorn" gëtt vun der Weltnaturschutzunioun (IUCN) mat 10.080 Déieren als "esou gutt wéi bedrot" agestuuft. Nashörner ginn an der Wildnis fir hir Haren ëmbruecht a ginn an Asien fir traditionell a medezinesch Zwecker benotzt. D'Ziichtung ass dem Zoo no schwéier, well e Weibchen no enger Schwangerschaft, déi 16 Méint dauert, nëmmen all dräi bis véier Joer ee Klengen op d'Welt bréngt.