Wéi den Zoo vun der US-Haaptstad Washington matgedeelt huet, musse 6 Léiwen an 3 Tigere wéinst Symptomer behandelt ginn.

D'lescht Woch war de Fleeger opgefall, dass déi 6 afrikanesch Léiwen, ee Sumatra-Tiger an 2 sibiresch Tigeren keen Appetit méi haten. Donieft hu si lethargesch gewierkt an haten den Houscht.

Déi infizéiert Déiere krute Medikamenter géint Entzündungen an Iwwelzegkeet, souwéi Antibioticken. Den Zoo huet betount, dass vun den Déiere keng Gefor fir d'Ëffentlechkeet ausgeet, well genuch Distanz zu de Visiteure besteet.
Virun e puer Deeg haten e puer US-Zooe gemellt, dorënner och deen zu Washington, eng Impfcampagne fir menacéiert Déieren ze lancéieren. Nieft Kaze sinn och Primate vum Virus betraff. D'lescht Woch waren zum Beispill Gorillaen am Zoo vun Atlanta positiv getest ginn. D'Déiere am Zoo vu Washington sollen an den nächste Méint mat engem Serum geimpft ginn, deen de Medikamenteproduzent fir Déieren "Zoetis" entwéckelt huet.