Et géif sech beim Virfall ëm e ganz seelent an tragescht Accident handelen, esou den zoustännegen Déierendokter David Roberts.

Ëm d'Ae vun 63 doudege Brëllepinguine wiere Stéch vu Beie festgestallt ginn, esou den Déierendokter weider, dee Member vun der südafrikanescher Stëftung fir d'Erhale vu Küste-Villercher ass. Och doudeg Beie wiere bei de Pinguine fonnt ginn.

Et géif een awer net dovunner ausgoen, dass esou eppes dacks virkënnt, et wier en Zoufall gewiescht, sou den David Roberts der AFP géigeniwwer.

D'Brëllepinguine gehéieren zu enger Kolonie zu Simonstown, enger méi klenger Stad an der Géigend vu Kapstadt. D'Weltnaturschutzunioun (IUCN) klasséiert dës Villercher an déi rout Lëscht als staark menacéiert an.