Tëscht 23.000 an 58.000 där Déiere liewe schätzungsweis um australesche Kontinent. Enger rezenter Etüd no ginn et der ëmmer manner.

Als Grond ginn ënnert anerem déi uerg Bëschbränn an de leschte Jore genannt. Iwwer 60.000 Koalae solle bei de Bränn am Summer 2019/2020 gestuerwen, blesséiert oder verdriwwe gi sinn. Ma och Hëtztwellen, Dréchent a Waassermanktem sollen zum massive Réckgang gefouert hunn.

Bannent de leschten dräi Joer ass d'Populatioun ëm 30 Prozent zeréckgaangen. Virun allen am Bundesstaat New South Wales si vill Déiere gestuerwen, heescht et vun der Australian Koala Foundation. Den Ament liewe Schätzungen no tëscht 32.000 an 58.000 Koalaen an Australien. 2018 waren et der tëscht 46.000 an 82.000.