Wéi de Grizzlybier attackéiere wollt, huet hiert Affer de Spiiss ëmgedréint: Eng Geess konnt sech erfollegräich géint hir Ugräiferin duerchsetzen.

An der fräier Natur am kanadeschen "Yoho-Nationalpark" an de Rocky Mountains kënnt et ëmmer rëm vir, datt hongereg Grizzlybiere Geessen ugräifen. Duerch hir Gréisst an hir grouss Tatze sinn d'Bieren de Bierggeesse meeschtens iwwerleeën. Ma an dësem Fall konnt d'Geess sech wieren.

D'Regierungsorganisatioun "Parks Canada" huet matgedeelt, datt Analyse vun engem doudege weibleche Grizzlybier erginn hunn, datt d'Déier vun enger Geess ëmbruecht ginn ass. Der Enquête no hätten d'Hare vun der Geess sech ënnert den Äerm an duerch den Hals vum Bier gebuert.

"Wa Grizzlybieren ugräifen, konzentréiere si sech an der Reegel op de Kapp, d'Genéck an d'Schëlleren. Dës Attack kënnt an der Reegel vun uewen", esou ee Mataarbechter vum Park. D'Geess muss sech wuel mat hire spatzen Hare verteidegt hunn. "Ech denken, datt d'Bierggeess an dësem Fall gewonnen huet an de Spiiss ëmgedréint huet. Dës Bierggeesse si grouss Déieren an hir Haren immens spatz."

Ee Wanderer hat de Kadaver vun deem 70 Kilo schwéiere Bier Ufank September fonnt. De Grizzlybier ass doropshin oftransportéiert ginn, fir ze verhënneren, datt aner Déieren ugelackelt ginn. "Et gouf an der Vergaangenheet schonn aner Fäll, an deene Bierggeessen aus Noutwier Bieren ëmbruecht hunn, awer esou eppes gëtt seelen dokumentéiert." Dat sot de Mataarbechter weider. "Et war jiddefalls interessant an eng Erënnerung dorun, datt d'Natur voll mat Iwwerraschung ass."