Mir hu bei der ASBL Street Souls nogefrot, wéi esou Adoptiounen oflafen a wéi eng Problemer bei engem Hond mat traumateschen Erliefnisser optriede kënnen.

De groussen Ënnerscheed vun engem seriöen Déiereschutzveräin an engem dubiéisen Händler ass an éischter Linn de Präis. Bei enger Associatioun gëtt versicht, fir d’Fraisen ze decken, wéi déi vun den Impfungen, dem Chip an dem Transport. Et wëll een awer och net den interesséierte Persounen den Androck ginn, den Hond géing et gratis ginn. D’Decisioun, fir sech esou en Hausdéier unzeschafen, soll gutt iwwerluecht sinn. Aus deene Grënn froe si eng "Schutzgebühr". Den dubiéisen Händler versicht seng sougenannten, rengrasseg Welpen, déi a schlëmme Konditioune geziicht ginn, fir deier Geld un de Mann oder d’Fra ze bréngen, esou d’Nathalie Oberlinkels vun der ASBL Street Souls. Eng Associatioun versicht déi Déieren ze vermëttelen, déi keen Doheem hunn, déi op der Strooss fonnt gi sinn. Dat heescht, si ziichten net an hir Hënn sinn och bal keng Rassenhënn. En Déiereschutzveräin kläert déi Interesséiert am Virfeld genee op, wat op si duerkomme kann. Et gëtt also eng Vir- an awer och eng Nokontroll. Déi nei Famill an dat neit Ëmfeld, an dat dat Déierche kënnt, soll der Associatioun bekannt sinn. No der Adoptioun gëtt et dann och e Suivi fir d’Wuel vum Déier a vum Mënsch. Esou kann de Risiko erofgeschrauft ginn, datt den Hond oder d’Kaz duerno am Asyl lant.

Et kann ëmmer mol virkommen, datt bei engem Hond Problemer duerch en Trauma optrieden, deen en op der Strooss erlieft huet.  D’Street Souls schaffe mat 2 Déierenasyler an Transsylvanien a Rumänien zesummen: mat der Asociatia Anima Pro Terra vun Dej fir d’Muppen a Green Cats vu Cluj Napoca fir d’Kazen. Eng ganz Rei Muppen, déi vun do kommen, sinn Angschthënn. Si fäerten zum Beispill de männleche Part an enger Famill. Dat muss mol net dovunner kommen, dat si selwer schlecht Erfarunge mat Männer gemaach hunn. Dacks kréie si d’Angscht duerch hir Eltere virgelieft. Et ass och esou, datt vill Hënn Autoen, Vëloen, friem Leit, Lifter oder hiert eegent Spigelbild fäerten. Dëst léisst sech doduerch erklären, datt déi Déieren da méi laang an engem Asyl waren. Déi Ängschte vun den erwuessene Muppe si bekannt a bei de Welpe kënne se sech eventuell réischt an der Pubertéit weisen. Och dowéinst ass et wichteg, datt eng Vertrauensbasis tëscht de Leit an der Associatioun besteet, esou d’Nathalie Oberlinkels weider. An deem Fall zécken d’Leit och net esou, fir sech bei hinnen ze mellen, falls sech e Problem entwéckelt huet. D’ASBL Street Souls versicht de Leit da weider ze hëllefen. Bei engem Hond mat traumateschen Erliefnisser wär et gutt, Hëllef vun engem professionellen Trainer ze kréien. A mat der néideger Rou, Zäit a Gedold kënnen déi Problemer gréisstendeels geléist ginn.

Temoignage vun engem Adoptant

De Marc W. huet elo schonn den 2. Hond aus Rumänien adoptéiert. Hie wëll engem eelere Mupp eng Chance ginn, fir en Doheem ze hunn. Säin aktuellen Hond, d’Gabi, ass eng Mudder vun 12 Joer, déi zënter 2019 bei him ass. An obwuel en als rouege Mupp beschriwwe ginn ass, huet en awer puer Macken. Besonnesch d’Zesummeliewe mat Kaze schéngt fir d’Gabi méi schwiereg ze sinn. All Kéiers, wann d’Kaze miauen, billt den Hond. Och wann dat matten an der Nuecht ass. Vläicht och duerch de Lockdown wéinst der Pandemie, huet d’Gabi sech ganz op säi Meeschter fokusséiert a léisst sech och net gäre vu Friemen upaken. Och wann et dem Marc W. mol d’Zänn gewisen hat an hien ugegrommelt hat, ass dat elo awer net méi de Fall. Mëttlerweil ass den Hond méi oppen, méi frou a wackelt och méi dacks mam Schwanz. Eng Kontroll duerch de Veterinär hat erginn, datt säi Verhale vu viru 6 Méint net gesondheetlech bedéngt war.

RTL

© Gabi / Marc W.

De Gatsby war dem Marc W. säin éischten Hond aus dem Ausland. Tëscht deenen zwee hat 2015 direkt vun der éischter Sekonn eng Verbindung bestanen. De Meeschter beschreift de Gatsby als absolutten Dramhond, deen ni gebillt huet an och souverän Sträit tëscht zwee aner Muppen geschlicht huet. De Gatsby huet sech dunn tëscht déi Hënn gestallt an ass einfach roueg stoe bliwwen. Esou een Hond ass schwéier ze toppen, esou de Marc W. weider. Fir hien huet all Mupp säi Charme. E Liewen ouni Hond ass fir hie keng Alternativ.

RTL

© Gatsby / Marc W.

ASBL Street Souls

D’Street Souls gëtt et offiziell zënter dem 23. Oktober 2018. Hiert Zil ass et, Hënn a Kazen aus den Asyler vun Dej a Cluj Napoca an Transsylvanien vermëttelt ze kréien. Do dernieft sammele si Suen, fir besonnesch d’Asyl vun Dej nei opbauen ze kënnen. D’Gebailechkeete riskéieren duerch d’Nätzt a Raten an e Koup ze falen. 2019 hunn duerch si bal 100 Muppen en neit Doheem fonnt, 2020 waren et der 130 an dëst Joer sinn et der bis elo 80.

D’Leit, déi esou een Déier adoptéiere wëllen, sollen als éischt e Message un d’ASBL schreiwen. An engem zweete Schrëtt solle si der Associatioun telefonéieren. Wa gekläert ass, wéi d’Leit wunnen a wéi vill Stonne si den Dag schaffen, gëtt e Rendez-vous bei de Leit doheem ausgemaach. D’Street Souls vermëttelen Hënn och an Appartementer an och un eeler Leit. Den Hond muss just genuch eraus kommen an aartgerecht gehale ginn. Leit, déi de ganzen Dag schaffen, kréie keen Hond vun dëser Associatioun.