Dat ass batter: Wéi de Vull sech op de Wee vun Alaska op Neuseeland gemaach huet, war de Wand esou staark, datt en net méi weider koum.

No engem Nonstop-Fluch, dee 57 Stonne gedauert huet, ass e rëm an Alaska gelant. D'Déier, deem seng Migratioun vum neuseelänneschen "Department of Conservation" mat engem Funksender um Bee suivéiert gëtt, wier zu Yukon-Kuskokwim-Delta an Alaska a Richtung Südpazifik fortgeflunn. No 2.000 Kilometer wier den ausgewuessene Vull op sou staarke Wand gestouss, datt en huet missen ëmdréien.

D'Verhale wier fir eng "Pfuhlschnepfe" ganz ongewéinlech, esou den Zoologie-Professer Phil Battley. "Am Laf vun de Joren hu mir ronn 70 "Pfuhlschnepfen" suivéiert, déi Alaska verlooss hunn an dës ass déi éischt, vun där mir wëssen, datt si wéinst deem schlechte Wieder huet missen ëmdréien." Aner Exemplaren, déi zäitgläich an Alaska fortgeflu sinn, hätten et an Neuseeland gepackt.

D'Fuerscher si speziell dorun interesséiert, wat de Villchen als nächst maache wäert, wéi laang e sech ausrout an ob en de Wee an Neuseeland nach packt. De Vull hätt nach Zäit a sécher nach Kraaft fir weiderzefléien. "En huet gemierkt, datt e mat Géigewand konfrontéiert war an huet gemengt, datt dat kee gudde Start fir ee Fluch, deen zéng Stonnen dauert, wier", esou de Professer weider.

Dee selwechte Vull hat schonn d'lescht Joer mat staarkem Wand ze kämpfen a wier deemools ee Mount zu Neukaledonien an der Südsee tëschegelant. "Wien zwee Joer hannertenee mat deem selwechte Probleem ze kämpfen huet, dee kann ee wuel als Pechvillche bezeechnen", mengt de Phil Battley. Déi ronn 11.000 Kilometer laang Nonstop-Migratioun vun de "Pfuhlschnepfen" ass eng vun deene längsten an der Vugelwelt.