Am Chile ass en Hond dobäi gefilmt ginn, wéi hien no engem Fräistouss de Ball elegant an d'Netz deviéiert. Den Internet ass begeeschtert.

De Club vum pelzege Spiller ass den "Deportivo San Miguel de Río Viejo" aus dem Chile. D'Ekipp krut e Fräistouss zougesprach an déi Geleeënheet konnt sech de Véierbeener net entgoe loossen. De Mupp huet sech op d'Feld an hanner d'Ofwier geschlach. De Ball huet den Hannerkapp vum Déier getraff, de Ball an déi aner Richtung deviéiert an doduerch war de Golkipp an de falschen Eck ënnerwee.

D'Fans op der Plaz ware begeeschtert an hu sech iwwert deen ongewéinleche Gaaschtspiller gefreet. De Video ass an de sozialen Netzwierker viral gaangen an huet fir vill Spaass bei de Notzer gesuergt.

Vill Leit soen dem Hond eng "grouss Zukunft" viraus a wollten de Star op véier Patte fir hiert Team engagéieren. Ma wéi bei all Gol am Futtball gouf et och kritesch Stëmmen. Verschidde Fans mengen, et wier Abseits gewiescht an hunn de "Video Assistent"-Arbitter gefuerdert anzegräifen.

Um Schluss zielt awer, datt "Deportivo San Miguel de Río Viejo" mat Hëllef vun hirem pelzege Spiller géint hir Géigner "Real Zaragoza" de Match an der chilenescher Amateurliga gewonnen hunn.