Eng spektakulär Iwwerliewensgeschicht: Den 21 Joer alen Hengscht Mitiaro war a sengem Stall, wéi d'Héichwaasser Lohrsdorf am Juli erreecht huet.

D'Famill vum Päerd ass eréischt moies no den Iwwerschwemmungen iwwer d'Lag vun hirem Déier informéiert ginn. "An dann hu mir d'Katastroph gesinn. Do war näischt méi. Mir hu gemengt, datt all d'Päerd et net gepackt hätten", erënnert sech déi passionéiert Reiderin Diana Schmitz-Hecker.

D'Diana an hire Mann hu laanscht d'Ahr no hirem Mitiaro gesicht. Wéi si en net fonnt hunn, huet hir Duechter d'Sich an déi sozial Medie gesat. Effektiv huet e jonke Mann aus Sinzig den Hengscht an de Fluten entdeckt. D'Besëtzerin erënnert sech: "Hie stoung esou wäit am Waasser, datt een en nëmme mat enger Spektiv erkenne konnt. Mäi Mann an ee Kolleeg sinn dunn direkt duerch d'Waasser gelaf an hu sech selwer a Gefor bruecht."

Ma déi liewensgeféierlech Aktioun ass gutt ausgaangen: D'Männer hunn en Halfter ëm de Kapp vum Päerd geluecht an hunn de Mitiaro aus de Flute gezunn. Ma déi vill Stonnen am Héichwaasser hunn hir Spueren hannerlooss. No der Rettung huet d'Päerd weider ëm d'Iwwerliewe gekämpft a koum souguer als Urgence an d'Déiereklinik.

Haut sinn d'Schnëttwonnen um Kierper verheelt an d'Päerd huet keng Schied dovugedroen. Trotzdeem sëtzt de Schock iwwer d'Erliefnis nach déif. D'Héichwaasserkatastroph am Ahrtal hat och fir d'Déieren dramatesch Suitten. Ëmsou méi schéin ass et ze gesinn, datt de Mitiaro zeréck bei senge Besëtzer ass.