Am australesche Bundesstaat Victoria gouf den Nasenbeutler vun der Lëscht, vun den Déieren, déi a fräier Natur ausgestuerwe sinn, erofgeholl.

D'Beuteldéier, dat net nëmmen op der Insel Tasmanien gelieft huet, konnt sech duerch eng Ziichtung an een Auswëlderungsprogramm an Australien nees verbreeden.

Den Langnasenbeutler war duerch Fiiss, Kazen an der Zerstéierung vu sengem Liewensraum an de wäite Grasfläche vu Victoria bal komplett ausradéiert ginn. 1989 waren et nëmmen nach 150 Exemplaren.

D'Populatioun gëtt haut nees op ronn 1.500 Déiere geschat. D'Aart gëllt domat zwar nach ëmmer als bedrot, mä weist awer och, datt een de Kampf géint d'Ausstierwe gewanne kann.