Wéi fonctionéiert d'Konzept "Dogsharing"? An op wat muss een oppassen, wann ee sech zu puer en Hond deelt?

Besonnesch wärend der Pandemie hu sech vill Leit en Déier zougeluecht, well se du grad Zäit haten. Wann ee sech do am Virfeld net d’Fro gestallt huet, wéi engem säin Alldag nom Lockdown ausgesäit, also wann erëm alles normal leeft, da stoung muncher ee virun engem Problem. Déi Persounen, déi da pro Dag 10 Stonne geschafft hunn, net doheem waren, déi hunn eng Léisung misse fir de Mupp sichen. Eng Iddi ass do "Dogsharing". Dat heescht, datt méi Leit sech een Hond deelen. Och den däitschen Hondstrainer an Entertainer Martin Rütter fënnt dëst eng gutt Alternativ, esou laang de Mupp déi aner Persoun kennt. Hie selwer huet en Déierefrënd, dee sech ëm seng Hënn këmmert, wann hien am Deplacement ass. Hie géing awer seng Véierbeener ni a friem Hänn ginn.

Wéi fonctionéiert "Dogsharing"?

Bei Dogsharing ginn et verschidde Méiglechkeeten. Do ginn et um Internet Säiten, wou ee fir e sougenannten "Dogsitter" bezuele muss. Da gëtt et awer och Portaler wéi "Hundelieb". Si maachen de Kontakt tëscht den Hondsbesëtzer an den Hondsfrënn, änlech wéi eng Dating-Plattform fir Hënn. Esou wéi de Grënner vun Hundelieb Josef Pucher seet, ass et wichteg, datt den Hondsfrënd, dee sech ëm een Hond këmmert, net bezuelt gëtt. Beim éischten Treffe vun dem Hondsbesëtzer an dem Hondsfrënd soll de Véierbeener och dobäi sinn. Esou kann een als Meeschter gesinn, wéi säin Déier op déi friem Persoun reagéiert. Den Hond a säi Besëtzer solle kënne Vertrauen zum “Meeschter op Zäit" opbauen. Et soll een och all néideg Informatiounen un den neien Hondsfrënd weiderginn, iwwer d’Fudder oder eventuell Medikamenter, déi den Hond kritt. Heiansdo kritt de Besëtzer op Zäit och Fudder mat fir de Mupp.

Aus de verschiddenste Grënn kënnen oder wëllen d’Leit sech net en eegenen Hond uschafen. Sief et aus Plaz- oder Zäitmangel oder well een net déi ganz Responsabilitéit iwwerhuele wëll, wéi Studenten oder Senioren. Da ginn et och Famille mat Kanner, déi fir d’éischt wëlle kucken, ob en Hond och nach no enger Zäit fir d’Kanner interessant bleift. Net nëmmen de Mupp profitéiert vun dëser Méiglechkeet, mee och d’Mënschen. Als Proprietär weess een, datt engem säin Déier zousätzlech Auslaf kritt, wann ee selwer mol manner Zäit huet oder wann eventuell en Noutfall besteet. A sou Fäll kënnt et och mol vir, datt en Hond bei dem Hondsfrënd iwwer Nuecht bleift. Bei "Hundelieb" maache schonn iwwer 6 Joer Déierefrënn esou positiv Erfarungen. A sou munch tëschemënschlech Frëndschafte sinn och esou entstanen. Réischt viru Kuerzem kënnen och mir hei zu Lëtzebuerg eis op dëser Säit androen. Mëttlerweil si schonn e puer Dose Memberen hei aus dem Land do ugemellt.

Temoignage

Virun 12 Joer hunn d’Nathalie an d'Danny sech en Hond gedeelt. Dëst ass éischter duerch Zoufall entstanen. Eigentlech wollt d’Nathalie en zweeten Hond, awer hire Mann war do nach net dovunner iwwerzeegt. Op eemol huet d’Méiglechkeet bestanen, vu lo op gläich en Hond bei sech opzehuelen. D’Nathalie huet dunn no enger Léisung gesicht. Si huet hirer beschter Frëndin Danny ugeruff a si gefrot, ob si den Hond géing adoptéieren a si géinge sech zu zwee ëm den Hond këmmeren. D’Danny hat bis dohinner just Kazen a si hat dowéinst nach net vill Erfarunge mat Hënn gesammelt. D’Iddi vun der Frëndin ass awer gewuess a si hu schlussendlech de klenge Welpe bei sech opgeholl an e Between genannt. D’Danny war deemools vill an engem Veräin aktiv a war dowéinst heefeg net doheem. Déi Zäit ass d’Between da bei d’Nathalie gaangen. Soss huet d’Danny de Mupp moies bei d’Nathalie bruecht; d’Danny huet wäit vun der Aarbecht ewech gewunnt. Do war jo schonn en Hond an da war kee vun deenen zwee daagsiwwer eleng. An der Mëttesstonn sinn dann d’Danny an d’Nathalie mat den Hënn spadséiere gaangen. Si si mol zesumme mat den Hënn an d’Vakanz gefuer; si sinn zesummen an d’Hondsschoul gaangen an d’Danny konnt vum Nathalie hirer Erfarung mat Hënn profitéieren. D’Between konnt sech op den zwou Plazen doheem fillen. Och beim Nathalie war alles do, wat e Mupp esou brauch, wéi zum Beispill e Kierfchen, eng Schossel fir d’Fudder an eng Léngt.

Och fir dem Nathalie hiren eelere Mupp war dëst eng positiv Erfarung, en ass richteg opgebléit. Dem Nathalie hire Mann hat sech mëttlerweil mat der Iddi ugefrënnt, datt si deelweis dunn 2 Hënn haten. Allebéid, d’Nathlie an d’Danny beschreiwen déi Zäit mam Between als wonnerschéin an nëmme positiv. Leider war déi Zäit vill ze kuerz. D’Between ass mat nëmme 4,5 Joer iwwerrannt ginn.

Duerch e gereegelten Dagesoflaf an och d’Vertrauen tëscht den 2 Frëndinne war dëst Konzept och fir d’Between eng flott Zäit.