Léif Muppen, haut ass ären Dag. Loosst iech verwinnen a gutt laang heemelen.

Datt Bello, Flocki, Rex a Susi gäre geheemelt ginn, ni e Leckerli refuséieren a quasi de ganzen Dag laang dösen a pennen ass wuel allgemeng bekannt. Wuel och, datt de Border Collie als intelligentst oder schlaust Rass gëllt, viru Puddel a Schéiferhond. Offiziell ginn et 344 unerkannte Mupperassen, inoffiziell geet vun engen 800 Rieds. An et sollen, obwuel kee se gezielt huet, iwwer 500 Milliounen Hënn op eisem Planéit ronderëmlafen.

Fir bei den Zuelen ze bleiwen: De Mënsch huet normalerweis 32 Zänn, de Mupp der 42.

29 Joer hat anscheinend deen eelsten Hond vun der Welt, bis zu 100 verschidde Gesiichtsausdréck kënnen s'eis vermëttelen a maximal 250 Wierder a Geste verstoen.

Bis zu 100.000 Schwéngungen an der Sekonn kann de Mupp registréieren, eis Ouere komme maximal op en Drëttel.

Hënn gesinn och gutt, awer anescht ewéi eisereen. D'Faarwen erkenne se manner kloer, dofir hunn hir Aen awer eng Zort Verstäerker agebaut dee se och am Däischteren op Beweegunge reagéiere léisst. Dem Mënsch säi Bléckwénkel ass op 180 Grad limitéiert, de Mupp kënnt op 270. Mä u sech gesäit e jo éischter mat senger Nues. Déi huet iwwer 200 Millioune Gerochszellen, mir hunn der nëmme 5. E ka bis zu 3 Kilometer wäit richen a Gerochsbiller jorelaang späicheren.

Och wann de Mupp seele eng Schank leie léisst: E kann am Prinzip e puer Deeg ouni Fudder, jo esouguer ouni Waasser iwwerliewen. Awer net ouni Schlof. Deen ass allerdéngs komplett verschidde vun eisem. Den Hond ass vun Natur aus en Dagesschléifer. E ka bannt e puer Sekonne ganz séier aschlofen an ass trotzdeem quasi aus dem Näischt eraus hellwaakreg Dowéinst brauche e vill méi Schlof ewéi mir Mënschen. Mir sollen eis also net wonnere wann dee mat 4 Patten dacks bal säi ganzen Dag verpennt: Dat ass nëmmen normal an och gesond.

Dee gréissten Hond vun der Welt war wuel eng däitsch Dogg: 1,09 Meter héich an 2,20 Meter laang.
Dee klengste Mupp ass e Chihuahua: 10 Zentimeter a 500 Gramm liicht. Dee schwéiersten: e Mastiff vun 155 Kilo.

A wann Dir och elo op en Hond komm sidd: Am Déierenasyl waarden der ëmmer nees op en neit Doheem. Mä e Mupp ass deen Ament och een neie Familljemember. Däers sollt ee sech bewosst sinn ier ee sech fir eng Adoptioun decidéiert.
Wuff!

RTL

© Neel Shakilov / pixabay