Dësen Hëllefruf konnt d’Police an NRW net ignoréieren an huet missen handelen.

D’Police huet also domat gerechent, datt si eventuell engem Leopard géintiwwer wäerte stoen. Op der Plaz zu Stadtlohn am Kreis Borken hu si och am Ufank selwer gemengt, datt si et mat esou engem exoteschen Déier ze dinn hätten.

Wéi dunn de sougenannte Leopard d’Oueren opgeriicht huet, war en entlarvt. Et war just e Serval, eng afrikanesch wëll Kaz. Se ass ongeféier esou grouss wéi e Luchs; se ka bis zu 62 Zentimeter grouss a bis zu 100 Zentimeter laang ginn. D’Déier ass du vun engem Fachmann mat engem Netz agefaange ginn an ass elo an enger Opfangstatioun am Ruhrgebiet.