50 Kilo schwéier ass d'Déierchen, dat e Mëttwoch de Moien d'Liicht vun der Welt erbléckst huet.

An enger Rekordzäit hat d'Mamm dee Klengen op d'Welt bruecht. No nëmme 15 Minutten haten déi zwee et gepackt. Fir déi 21 Joer al Tala war et net déi éischt Gebuert. 2017 koum hiren éischte Klengen, den Timbo, op d'Welt.

Wéi et vum Déierefleeger Sébastien heescht, kënnen d'Visiteuren den Nowuess elo scho gesinn. An den nächste Woche wäert de Mosl an den Nashorn-Grupp integréiert ginn.

Mat him ass mëttlerweil schonn dat 5. Nashorn am Zoo direkt hannert der Lëtzebuerger Grenz op d'Welt komm. Eng gutt Nouvelle a puncto Aarteschutz, well dës Nashorn-Aart a sengem natierleche Liewensraum als quasi vum Ausstierwe bedrot agestuuft gëtt. Si ginn haaptsächlech vu Braconnieren doutgemaach. Fir dës Déierenaart z'erhalen, ënnerstëtzt den Zoo zu Amnéville d'Nashörner am Kader vun engem europäeschen Ziichtplang.