An Istanbul ass de Stroossemupp Boji eng richteg kleng Berüümtheet, ma elo op och international duerch Social Media.

Hie billt net, hie bäisst net an den ëffentlechen Transport ass säin Doheem. All Dag fiert de Boji mam Metro, Bus oder mam Zuch duerch déi tierkesch Stad, souguer op der Fär gouf hie scho gesinn. Hien deelt sech den ëffentlechen Transport mat dausende Mënschen, ëmmerhin zielt Istanbul iwwer 15 Milliounen Awunner, déi hien duerch säi gielzege Pelz Boji gedeeft hunn.

Erstaunlech ass, dass de Kangal-Baaschtert op eege Fauscht am ëffentlechen Transport ënnerwee ass. Als Stroossemupp huet hien deemno kee Proprietär, dee sech ëm hie këmmert. An trotzdeem gesäit een den imposanten Hond all Dag eleng duerch déi vill Leit an de ville Beruffstrafic trëppelen. Do war et eng Fro vun der Zäit, dass den Hond engem opfält. An esou sinn och déi éischt Biller vum Déier op de soziale Reseauen opgedaucht. Séier gouf et zum Trend, de Boji ze fannen an ze knipsen. Antëscht huet de Mupp en eegenen Twitter-Account mat bal iwwer 70.000 Follower (Stand 11. Oktober 2021).

De Bojo weess ganz genee, wou hien erausklamme muss, bis dohi sëtzt hien entspaant op engem vun de Sëtzer a léisst sech duerch d'Géigend kutschéieren oder waart gedëlleg op dat nächst Transportmëttel. Souguer ëmklammen ass fir de Boji kee Problem a verhält sech dobäi méi virbildlech wéi munch Zweebeener.

Ma net just op de sozialen Netzwierker ass de Stroossenhond opgefall. De Boji huet mëttlerweil och en Halsband mat engem Mikrochip kritt, aus rengem Interessi, fir ze kucken, wéi vill Kilometer hien all Dag mécht. Esou ass duerch d'GPS-Date gewosst, dass de Boji gär laang ausschléift an all Dag vun 10 bis 21 Auer bis zu 40 Kilometer zeréckleet. Domat ass och elo den Interessi grouss, de Boji fir Marketingzwecker ze benotzen. De Boji huet deemno elo net méi just eng Säit op Twitter an op Instagram, mä hien ass och Representant vun der tierkescher Stad, mat deem sech de Buergermeeschter Ekrem Imamoglu alt emol gär bretzt.

Vun engem Déierendokter gouf de Boji och scho kontrolléiert. Hien ass kärgesond, fit an och mëttlerweil geimpft.