Zanter 2019 huet een de Wapiti-Hirsch net ouni säi Pneu gesinn. Elo ass et 2 US-Ranger gelongen, him säin ongewollten "Accessoire" auszedoen.

E puer Mol hate si bannent de leschte Woche versicht, den Hirsch vum Pneu ze befreien. Awer 3 Mol ouni Erfolleg. De 4. Versuch ass de Männer allerdéngs gegléckt. Et ass de Ranger gelongen, d'Déier unzelackelen an et z'entschlofen. Dunn hu si him de Pneu ausgedoen.

Ganz einfach war d'Rettungsmissioun allerdéngs net. De Pneu war voll mat Nole vun Dännebeem an Dreck. Dowéinst hätt ee missen d'Gewei oftrennen, huet Colorado Parks and Wildlife e Méindeg matgedeelt.

De 4 Joer alen Hirsch, deen iwwer 270 Kilo op d'Wo bréngt, gouf eng éischte Kéier 2019 mam Pneu ëm den Hals gesinn. Elo, ouni Gummireef an ouni Gewei, soll hie 16 Kilo manner weien. Am léifsten hätte si d'Gewei dru gelooss, awer et wier net méiglech gewiescht, de Stol am Pneu ze duerchtrennen, huet de Ranger Murdoch erkläert.

Erwuesse Wapiti-Hirsche kënne bis zu 450 Kilo schwéier ginn, hiert Gewei bis zu 1,50 Meter laang.