Den "Nonno Toby" ass de 6. Oktober um Réckwee bei seng Schlofplaz zesummegebrach. Eng hallef Stonn drop huet säin Häerz opgehalen ze schloen.

Wéi den Zoo en Dënschdeg matgedeelt huet, ass d'Deier, dat "Grousspapp Toby" genannt gouf, am Alter vu 54 Joer am zoologesche Gaart "Parco Natura Viva" gestuerwen.

Breetmaulnashörner ginn a Gefaangenschaft an der Reegel bis zu 40 Joer a fräier Natur esouguer nëmmen 30 Joer al. Nom Doud vum "Toby" a senger Partnerin "Sugar", déi virun néng Joer gestuerwen ass, bleift dem Zoo nëmmen nach ee Breetmaulnashorn. An de Benno ass och schonn 39 Joer al.

Den "Toby" soll elo opgestoppt an am Wësseschaftsmusée zu Trient ausgestallt ginn. Hei erwaart hien da Gesellschaft aus dem "Parco Natura Viva": De Léiw "Blanco", dee viru fënnef Joer gestuerwen ass, ass och am Musée ausgestallt.