Déiereschützer schwätze vun engem "trageschen a sënnlosen Akt". Zwee 17 Joer al Australier hunn eng Rei Känguruen erschloen, dorënner zwee jonker.

Zwee Jugendlecher aus Australien musse wéinst enger déidlecher Attack op 14 Kängurue viru Geriicht. Déi zwee 17 Joer al Jonge goufen ugeklot a musse sech Enn November engem Prozess virun engem Jugendgeriicht stellen.

D'Känguruen, ënnert deenen och zwee Jonker waren, sinn de Weekend op zwou verschidde Plazen an der Géigend vun der Stad Batemans Bay fonnt ginn. D'Zeitung Sydney Morning Herald informéiert, datt d'Teenager wéinst "récksiichtslosem Schloen an Ëmbréngen" virgeluede goufen.

Wéi d'Police op d'Spuer vun deenen zwee koum, ass net bekannt. Am "Heral" heescht et, datt een de Public ëm Informatiounen gebieden hat an no weideren Ermëttlungen hätt een déi Jugendlech festgeholl.

D'Déiereschutzorganisatioun "Wires" huet d'Dot als "tragesch a sënnlos" verurteelt. Ee Bëbee-Känguru hätt d'Attack iwwerlieft. "Wéi et bei eis ukoum, war et sou gutt wéi dout", esou d'Spriecherin vun "Wires". Antëscht géif et him awer "iwwerraschenderweis gutt" goen.

D'Déieren waren "Ëstlech Gro Risekänguruen", déi virun allem am Osten a Süden vun Australien liewen. D'Männche sinn bis zu 1,60 Meter grouss a kënne bis zu 60 Kilogramm weien.