An den USA ass eng Schildkröt mat enger seelener Anomalie gebuer ginn. D'Fleeger hu si no berüümten Zwillinge benannt.

D'Diamantdeckelsmouk gouf no der Gebuert an engem geschützten Nascht virun zwou Wochen an d'Fleegestatioun fir wëll Déiere bruecht. D'Fleegepersonal huet hir souguer schonn en Numm ginn. D'Déier gouf no den Zwillingsschwëstere Mary-Kate an Ashley Olsen benannt ginn, déi aus enger Rei Filmer bekannt sinn.

D'Ursaach fir déi seelen Anomalie bei der Deckelsmouk kéinte geneetesch Facteuren oder och Ëmweltaflëss sinn, déi den Embryo beaflosst hunn. Wéi mënschlech siamesesch Zwillingen deelt d'Deckelsmouk verschidde Beräicher vun hirem Kierper. Ma déi zwee Käpp schaffen awer onofhängeg vuneneen, sou datt se zu ënnerschiddlechen Zäite Loft huelen. Am Panzer sinn zwee Mo-Systemer, déi béid Kierpersäite versuergen.

Déiere mat esou enger Anomalie iwwerliewe meeschtens net laang, esou heescht et vum Birdsey Cape Wildlife Center. D'Mary-Kate an d'Ashley wiere mat hire sechs Been awer monter, aktiv a géifen Hoffnung op Optimismus maachen.

Am Zenter fir wëll Déiere gëtt d'Deckelsmouk vun enger Veterinärin souwéi vu weidere Mataarbechter iwwerwaacht. Duerch eng CT-Analys wëll d'Fleegestatioun méi iwwert de Kreeslaf vum Déier gewuer ginn.