D'Liza huet e richtege Martyrium hannert sech: Beim Wanderen am Bundesstaat New York war den Hond an e Fielssplack gerutscht an houng fënnef Deeg fest.

Fënnef Deeg huet dat 12 Joer alt Liza ouni Fudder a Waasser tëscht dem Fiels iwwerlieft. E Mëttwoch huet de Park matgedeelt, datt de Mupp ouni Blessurë gerett konnt ginn.

De 7. Oktober war seng Besëtzerin mam Mupp spadséiere gaangen, wéi den Hond an e Spléck gerutscht. Wéi d'Parkmataarbechter matdeelen, hätt een den Hond billen héieren, wéi ee probéiert huet en aus der ronn 12 Meter Déift z'erreechen. En Dënschdeg hunn d'Déiereschutzfederatioun zesumme mat engem Hielerettungsteam et da gepackt, den Hond aus dem enke Splack ze retten.

Zwee vun de Retter haten de Mupp mat enger Kamera iwwerwaacht, fir sécherzestellen, datt et him géing gutt goen. Schlussendlech war et dem Rettungsteam gelongen, den Hond mat enger Staang an engem Stréck eropzezéien, éier se en dono an e Rucksak leeë konnten, fir en erop a Sécherheet ze zéien. Ugelackelt hate si den Hond mat engem Hot Dog, deen si un der Staang festgemaach haten.

Den Hond wier zwar hongereg an duuschtreg, mä bei gudder Gesondheet. No der Rettungsaktioun gouf en dann zeréck bei seng Besëtzerin bruecht. Wärend der Iwwerwaachung mat der Kamera konnt ee gesinn, wéi de Mupp un de fiichte Maueren vum Spléck geleckt huet a sech esou mat Flëssegkeet versuergt huet. Am Park mussen Hënn eigentlech un der Lénkt bleiwen.