Mat digitaler Technik soll d’Wuelbefanne vun de Schwäin verbessert an d’Ziichtung méi effizient an nohalteg ginn.

Zu Wehnen am Kreis Ammerland huelen elo kleng Fierkelen, nämlech 120 un der Zuel, um Experiment "DigiSchwein" Deel. Am Stall gëtt da mat Hëllef vu Kameraen a Mikroen hiert Verhalen an hir Gesondheet iwwerwaacht, esou de Veterinär a Coordinateur vun dësem Experiment, Marc-Alexander Lieboldt. Nieft dem Wuelbefanne vun dësen Déiere geet et och drëm, fir d’Gebuerten ze iwwerwaachen an och fir erauszefannen, wat d’Grënn sinn, wann d’Schwäin déi aner um Schwanz bäissen. Do soll dann och d’Méiglechkeet bestoen, fir da kënnen direkt anzegräifen.

Fir an der Landwirtschaft méi effizient an nohalteg kënnen ze schaffen, soll d’Klima am Stall iwwerwaacht ginn. Nieft den Temperaturen, der Loftfiichtegkeet, der Intensitéit vun der Luucht ginn och den CO2an den Ammoniak gemooss.

De Bundesministerium fir Ernährung a Landwirtschaft huet am Ganze 14 Experimenter mat der Digitaliséierung an der Landwirtschaft geplangt, wéi ënner anerem Digimilch an DigiVine.