D'Fuerscher, déi probéieren dat bal ausgestuerwent Nërdlecht Breetmaulnashorn rëm unzesidelen, hunn decidéiert dat eelste Weibche vum Projet ofzezéien.

Ënnert Recours op Risiko- a Sécherheetsgrënn hunn d'Wëssenschaftler vu Biorescue en Donneschdeg matgedeelt, datt si dat 32 Joer alt Nashorn "Najin" an d'Pensioun schécken. Esou bléift nëmmen nach dem Najin seng Duechter "Fatu" als Spender vun Eezelle fir de Programm fir d'Rettung vun der vum Ausstierwe bedroten Aart.

Zanter 2019 huet dat multinational Konsortium Eeër vum Najin a Fatu fir de Programm vun der Reproduktioun gesammelt, dat virdrun nach ni bei Nashörner duerchgefouert gouf. En internationaalt Team vu Veterinären hunn d'Déieren enger héichriskanter Prozedur ënnerzunn, bei där si ronn zwou Stonne laang entschlof sinn an hir Eeër mat Hëllef vun Techniken erausgeholl ginn, déi dann fir d'Befruchtung, d'Entwécklung an d'Konservéierung an e Laboratoire an Italien geschéckt ginn. Do gi se dann mat Spermie vun zwee verschiddenen verstuerwene Männche befrucht.

Am Juli huet Biorescue bekannt ginn, datt et elo dräi weider Embryoe vun der Ënneraart ginn, esou datt et elo am Ganzen 12 Nërdlech Breetmaulnashörner ginn. Ma déi liewensfäeg Embryoe kommen allerdéngs vu méi jonke Nashörner, an de Programm ass trotz aller Suergfalt net ouni Risiko.

Trotzdeem ass de Reproduktiounsprogramm, déi lescht Iwwerliewenschance fir déi majestätesch Déieren. D'Nashörner hunn zwar nëmme wéineg natierlech Géigner, ma d'Zuel ass zanter de 70er Joren duerch d'Juegd staark zréckgaangen.