Beim Vulkanausbroch op La Palma goufe véier Hënn duerch Lavastréim ofgeschnidden. Rettungsversich hu sech schwiereg gestalt - elo si se verschwonnen.

Wärend Deeg huet Spuenien d'Drama ëm déi véier ausgehéngert Hënn, déi duerch d'Lavastréim aus dem Vulkan Cumbre Vieja vum Recht vun der Welt ofgeschnidde goufen, verfollegt. Opname vun den Hënn, déi sech an zwee eidel Waassertanke gerett haten, hunn zu Fuerderunge gefouert, d'Déiere misste gerett ginn.

Mä dat war méi liicht gesot wéi gemaach: Obwuel e puer Plazen net vun de Lavastréim ofgeschnidde waren, gouf et wéinst den Äschen an de gliddege Gaser zu Fouss a mam Helikopter keen Duerchkommen.

Pläng goufen ausgeschafft, d'Hënn mat enger spezieller Dron ze retten, mä dozou koum et net méi. Wou d'Dronen den Donneschdeg iwwert d'Gebitt geflu sinn, waren d'Hënn verschwonnen. Wat d'Retter awer fonnt hunn, war ee Läinduch. Op deem stoung "Sief staark, La Palma. Den Hënn geet et gutt. D'A-Team."

Elo freet sech d'Kanareninsel, wien d'Hënn dann aus hirer mësslecher Lag befreit huet - a virun allem wéi. Verschiddener tippen op Déiereschutzaktivisten. Anerer soen, d'Besëtzer kéinten d'Rettung selwer an d'Hand geholl hunn.