Iwwer 3 Meter grouss an iwwer eng Tonn schwéier ass dëst Déier, wat virun der spuenescher Küst vu Ceuta, eng Enclave bei Marokko, entdeckt gouf.

Fuerscher hunn et "gefaangen", gewien, kuerz analyséiert an nees fräigelooss. D'Weie war awer e bësse méi komplizéiert, well d'Wo vum Boot net fir d'Gewiicht vum Déier ausgeluecht war.

De Mound-Fësch gëllt als vulnerabelt Déier, well seng Populatioun ëmmer weider erofgeet. D'Fëschen ass an der EU awer verbueden, an Asien dogéint gëllt de Fësch als Delikatess.