Wat solle si net friessen a wéi soll ee reagéieren, wa Symptomer vun enger Vergëftung optrieden?

U sou Munches wat mir am Haushalt hunn, sollen d’Hënn an d’Kazen net dru kommen, ugefaangen an der Kichen. Net alles wat mir Mënsche kënnen iessen, ass fir eis Véierbeener onbedenklech. Vill vun hinne verdroe keng Mëllech, well si net déi néideg Enzymer hu fir d’Lactose ze verdauen. Aner Liewensmëttel däerfe si guer net friessen, esou de Veterinär Rawad El Khoury: Schockela a virun allem den Däischteren, Avocado, Drauwen a Korinten, Kaffi, Téi, Ënnen, Schallotten, Knuewelek, réi a gekachte Poretten, Kären, Steng vum Uebst, réi Gromperen an och déi, déi nach net zeideg sinn.

Am Medikamenteschaf vun eis Mënsche laueren och Gefore fir eis Kazen an Hënn. Gëfteg si fir si de Paracetamol an den Ibuprofen. Bei dësem Wierkstoff gëllt dat besonnesch fir d’Kazen. Am Botzschaf ass den Eau de Javel schlecht fir d’Déieren. Am Keller ass et den Antigel, d’Rategëft, d’Pestiziden, d’Faarwe fir unzesträichen, den Ueleg vum Vidange. Och de White Spirit an d’Batterie soll een ewechstellen. Virsiicht ass och ugesot, wann eng Mouk, Schleeken oder Eichenprozessiounsspinner an der Géigend sinn. Am Gaart soll een oppassen, u wéi eng Planzen d’Hausdéiere knabbere ginn. Gëfteg fir si sinn Lorbërstack, franséische Pällem, Fangerhutt, Ouschterblummen an och verschidden Zorte Champignonen.

Wourunner kann een eng Vergëftung erkennen?

Virun allem um Niveau vun der Verdauung mécht sech eng Vergëftung bemierkbar: duerch Iwwerginn, Duerchfall an eng ze grouss Produktioun u Spaut. Méi schlëmm Symptomer kënnen awer och dobäi kommen, wéi Verschlechterung vum Allgemengzoustand, Féiwer, Zidderen, Epilepsie, Häerzklappen an Otemschwieregkeeten.

Wat soll e bei enger Vergëftung maachen?

Bei liichte Verdauungsproblemer kann e versichen, et selwer an de Grëff ze kréien, zum Beispill mat aktiver Kuel. Dee Wierkstoff bënnt d’Gëftstoffer an hëlleft se aus dem Kierper z’eliminéieren. Et soll een op kee Fall een Déier dozou bréngen, fir sech z’iwwerginn, wann een net weess, wéi dat genee gemaach gëtt a falls et Schanke verschléckt huet. Am beschte soll een esou séier wéi méiglech de Veterinär kontaktéieren, fir datt festgestallt ka ginn, wéi schlëmm d’Vergëftung ass.

Eng Vergëftung kann och lues a lues optrieden. Déi toxesch Stoffer ginn normalerweis iwwert d’Liewer an d’Nieren eliminéiert. Wann d’Déier awer reegelméisseg eng kleng Dosis u Gëftstoffer frësst, kënnen och déi op laang Dauer schiedlech Auswierkungen hunn, erkläert den Déierendokter Radwad El Khoury.