Op La Palma sollten Drone véier Hënn vun enger Insel matten an de Lavastréim biergen. Ma eng mysteriéis Grupp war virun de Retter do.

Déi riskant Rettungsaktioun war deeglaang preparéiert ginn. Et gouf extra eng Spezialfirma an d'Katastrophegebitt am Westen vu La Palma geflunn. Mat Drone wollte si véier Hënn retten, där hiert Schicksal a Spuenien deelweis méi Opmierksamkeet krut wéi d'Leed vun de Mënschen, déi zu Honnerte virun den neie Lavastréim hu misse flüchten.

An engem Waasserbaseng bei Todoque waren déi véier Déieren zanter ronn zwou Woche vu Lava ëmkreest. Aus der Loft konnte si deeglaang versuergt ginn, bis alles fir d'Rettungsaktioun prett war. Well et eigentlech e Fluchverbuet fir Helikopter gouf, haten d'Autoritéiten hei extra eng speziell Autorisatioun accordéiert. Virop sollten d'Hënn mat Fudder ugelackelt an dann e Netz iwwert si geworf ginn, fir si mat enger Frachtdron ze biergen.

Ma bei deem leschte Fluch waren d'Hënn awer bemol verschwonnen. Amplaz konnt een aus der Loft mënschlech Spueren an de Vulkanäschen an e grousst Plakat un enger Mauer erkennen. En "Team A", wéi d'Grupp sech selwer nennt, huet a rouder Schrëft "La Palma sief staark. Den Hënn geet et gutt." geschriwwen. Déi eenzeg Liewewiesen, déi d'Kamerae fanne konnten, waren zwee wëll Kanéngercher. Dat huet déi spuenesch Zeitung El País matgedeelt.

D'Retter hu missen iwwer bis zu 160 Grad gliddeg Lava goen, déi ronderëm de Baseng war an d'Spärzon vun der Police ignoréieren, déi d'Gebitt gespaart hat. Dowéinst wier et onwarscheinlech, datt si sech selwer un de Public riichte géingen. Déiereschützer ginn net dovun aus, datt d'Hënn sech selwer op de Wee gemaach hätten, well si weder Honger nach Duuscht haten a sech dowéinst net selwer a Gefor bruecht hätten. Och wa weiderhin all Spuer vun hinne feelt, géif een dovun ausgoen, datt si a Sécherheet sinn.