Houf-Spueren am Bulli an ugeknabbert Bamschuelen: Och wann déi neiste Bewunner vun de rumänesche Bierger schei sinn, kann een hir Spuere gutt erkennen.

Si sinn d'Zeeche fir den Erfolleg vun engem Projet fir Bisonen an där Regioun nees unzesidelen. Dat nodeems si Joerhonnertelaang verschwonne waren. De Succès vum Projet dréit dozou bäi, datt Bisonen esou vun der Lëscht vun de vum Ausstierwe bedreeten Déiere kënne gestrach ginn.

D'Déiere waren duerch d'Juegd an d'Zerstéierung vun hirem Liewensraum bal aus Europa verdriwwe ginn. Ma datt ee se nees a Rumänien gesi kann, huet e wichtegen Deel vum Ekosystem an der Regioun zréckbruecht.

D'Bisone sinn dacks schwéier ze fannen, well se duerch déi üppeg Vegetatioun an d'Méiglechkeet, hire Liewensraum z'erweideren, méi déif an de Bësch gelackelt goufen. Engem Fierschter no géifen d'Déiere sech gutt am Bësch entwéckelen. Wa se a Gefaangenschaft liewen, kënnt dacks de Risiko vun Inzucht op, wouduerch hir Iwwerliewenschancë sech drastesch verschlechteren.

Haut liewe ronn 6.000 Bisonen op eisem Kontinent. Déi meescht dovu liewen un der polnesch-wäissrussescher Grenz, wou an de 1950er Joren ugefaange gouf, d'Populatioun nees unzesidelen.