Traureg eleng doheem, zemools nodeems déi meescht Besëtzer aus dem Homeoffice eraus sinn, dat ass geschwë Passé. Elo kréien d'Muppen eng Stëmm.

Geet de Muppebléck duer oder léiwer haart billen? Eis véierbeeneg Frënn doheem hunn e puer Manéiere fonnt, mat eis ze kommunizéieren. Mä wëll hien da lo um Kapp gekrault ginn, spillen oder brauch hien einfach just e bëssen Opmierksamkeet.

Fir all déi Froen ze beäntweren, gëtt et elo den "DogPhone". Mat deem Apparat kréien Hënn, déi och alt emol eleng doheem sinn, d'Méiglechkeet hir Besoine matzedeelen. Et handelt sech ëm en High-Tech-Ball, dee Fuerscher a Groussbritannien a Finnland entwéckelt hunn a mat deem de Proprietär ka kontaktéiert ginn.

Gëtt dëse mëlle Ball mat Sensor beweegt, gëtt e Signal op e Laptop geschéckt, deen dann e Videochat op den Handy vum jeeweilege Besëtzer lancéiert.

Erfonnt gouf den "DogPhone" vum Ilyena Hirskyj-Douglas op der Universitéit zu Glasgow, mat der Ënnerstëtzung vun hirem 9 Joer ale Labrador Zack an de Fuerscher-Kolleegen vun der Aalto-Uni a Finnland. De Zack huet bannent 16 Deeg geléiert, dëse Ball-Telefon ze benotzen.

Nach wier een awer nach net sécher, ob de Zack de Ball elo bewosst geholl huet, fir seng Proprietärin unzeruffen oder ob e just spille wollt. Effektiv krut d'Ilyena Hirskyj-Douglas nawell dacks reng zoufälleg Appeller, ma meeschtens war de Zack trotzdeem ganz begeeschtert, nëmme physesch zesummen ze sinn.

Den "Dogphone" soll nach weiderentwéckelt ginn, ma elo schonn ass kloer, dass et duerchaus eng Léisung fir déi Muppen ass, déi nom Pandemie-bedéngte Lockdown vun hire Besëtzer Problemer hunn, nees eleng ze sinn.