Wärend ëmmer méi Stied Hausdéiere bei sech ophuelen, kämpft Klerus géint d'Déieren un. Dat well am Islam verschidden Déieren als "onreng" gëllen.

Medien-Informatiounen no solle Konservativer am iranesche Parlament ee Gesetzesentworf virbereet hunn, an deem et verbuede soll ginn een Hausdéier ze halen oder mat engem Hond Spadséieren ze goen. Deemno wier fir d'Spadséiere goen eng héich Geldstrof virgesinn, Gefierer, an deenen Hënn transportéiert ginn, solle souguer fir dräi Méint saiséiert ginn. Donieft dierfte Proprietären hir Wunnengen net méi un Hënn- oder Katzebesëtzer verlounen.

Well am Islam verschidden Déieren als "onreng" ugesi ginn, ass d'Hale vun Hausdéiere virun allem beim konservative Klerus net gäre gesinn. Mat sengem Déier spadséieren ze goen géif hiren Usiichten no Panik an der Bevëlkerung ausléisen, wisou d'Police och schonn dacks probéiert hätt d'Hale vun Hënn ze verbidden.

Ma Experte mengen awer, datt Hënn- a Kazeproprietären en entspriechend Gesetz ignoréiere géifen, genee wéi déi vireg Verbueter. An de leschte Jore wier den Trend zum Hausdéier am Iran erhieflech geklommen, ëmmer méi jonk Iraner géife Kazen an Hënn bei sech ophuelen. Deementspriechend gëtt et zanter e puer Joer och ëmmer méi Déiereklinicken a Butteker fir Hausdéierbedarf.