Tiger, Léiwen an aner wëll Déieren dierfen a Frankräich geschwënn net méi am Zirkus optrieden.

D'Parlament huet en Donneschdeg praktesch unanime e Gesetz fir d'Verhënnerung vun Déierequälerei gestëmmt. D'Majoritéit vun der Regierung féiert den "historesche Schrëtt am Kampf fir d'Wuel vun den Déieren".

D'Gesetz gesäit vir, datt an zwee Joer keng wëll Déiere méi am Zirkus erlaabt wäerte sinn. A fënnef Joer wäert et da verbuede sinn Delfinen a Waler ze ziichten an ëffentlech presentéieren.

An Zukunft mussen Hausdéierbesëtzer da virum Kaf eng Erklärung ënnerschreiwen, datt si sech hire Flichte géigeniwwer dem Déier bewosst sinn. Kleng Hënn a Kazen dierfen vun 2024 un net méi an Déierebutteker verkaf ginn. Och fir Online-Verkeefer vun Déieren gëlle méi streng Reegelen.

RTL

© AFP/BERTRAND GUAY

A Frankräich besëtzt am Schnëtt all zweet Persoun en Hausdéier. Ma trotzdeem ginn all Joer 100.000 Déieren ausgesat. D'Deputéiert aus dem franséische Parlament hate bal e Joer laang ëm den Text gekämpft. Besonnesch ëmstridde war d'Verbuet vun de wëll Déieren am Zirkus. Dovu si ronn dausend Déieren an 120 Wanderzirkussen betraff. D'Regierung versprécht finanziell Hëllefe fir d'Ëmstellung. D'Zirkusbedreiwer bestreiden awer, datt d'Déiere bei hinne leide géifen an hu Manifestatioune géint d'Gesetz ugekënnegt.

Eng Rei Theeme goufe vun der Ofstëmmung ausgeschloss. De Loïc Dombreval vun der Regierungspartei LREM wier sech awer sécher, datt ee sech iergendwann och mat Froe wéi bestëmmte Forme vun der Juegd, dem Stéierkampf an der Intensivziichtung beschäftege wäert.

RTL

© AFP/Fred TANNEAU